Wéinst FeieralarmDen Tunnel Stafelter op der A7 gouf a béid Richtunge gespaart, ass mëttlerweil awer nees op

Andy Brücker
Ronn 45 Minutten hunn d'Automobiliste sech musse gedëllegen.
© RTL Mobile Reporter

Den Tunnel Stafelter gouf e Freideg de Moie géint 10 Auer komplett fir den Trafic gespaart, dat a béid Richtungen.
Op Nofro bei der Police war et d'Informatioun, dass e Feieralarm ausgeléist gouf, wouropshin de CITA de Sécherheetsprotokoll applizéiert huet.

Weider war et d'Informatioun, dass en Auto am Tunnel Stafelter soll eng Pann hunn.

Police a CGDIS ware séier op der Plaz.

Um 10:35 Auer war et d'Informatioun vun enger Automobilistin, dass den Tunnel a Richtung Stad nees op wier. Um 10:48 Auer huet de CITA matgedeelt, dass d'Tunnellen nees op wieren.

Back to Top
CIM LOGO