Lëtzebuerger Police transferéiert 2 Verdächteger un d'Bundespolizei Tréier

Hei geet ëm en 42 Joer alen Däitschen an e 24 Joer ale Kroat, déi mat engem europäesche Mandat d'Arrêt gesicht goufen.
Géint den däitsche Staatsbierger louch e Mandat d'Arrêt säitens dem Parquet Saarbrécken vir, ënnert anerem wéinst Menacen, der ëffentlecher Opfuerderung zu Strofdoten, der Volleksverhetzung an dem Benotze vu Kennzeeche vu verfassungswiddregen Organisatiounen. Nodeems Lëtzebuerg de Mann un déi däitsch Kolleegen iwwermëttelt huet, gouf hie säitens engem Riichter an d'JVA Saarbrécken transferéiert.
De 24 Joer ale Kroat gouf säitens den Autoritéiten zu Saarbrécken am Kader vun engem Abroch an enger Wunneng gesicht. Him gëtt virgehäit am Dezember 2022 an eng Wunneng bei Saarlouis agebrach ze sinn. Hei huet hien e Portmonni, eng Partie verschidde Mënz an 3 gëlle Réng mat Pärelen an Diamanten am Wäert vun iwwer 35.000 Euro geklaut.
Béid Persoune goufen um Grenziwwergang "Wasserbilligerbrück" un déi däitsch Police iwwerginn.