Nach Loft no uewe bei der Ausbildung vu Policeschüler

© RTL
Viru ronn 2,5 Joer gouf d'Grondausbildung vun der Police grondleeënd ëmstrukturéiert a vun zwee op ee Joer erofgesat.
Virun deem Hannergrond hat den deemolege Policeminister Henri Kox bei der Inspection générale vun der Police een Audit an Optrag ginn, fir ze analyséieren, ob d'Rekrutte gutt genuch op de méiglechen Asaz vu Gewalt virbereet ginn. An do gesäit ee bei der IGP nach Loft no uewen.
Virop sief natierlech ënnerstrach, datt d'Haaptzil dora besteet, kritesch Situatioune friddlech ze léisen. Ma well dat net ëmmer méiglech ass, mussen d'Policeschüler och léieren, wéi se op legal a proportional Aart a Weis Gewalt uwende kënnen. An hirem Audit bewäert d'IGP den theoreteschen Deel zimmlech positiv. D'Connaissances de base géinge gutt vermëttelt ginn. Beim prakteschen Deel gesäit een iwwerdeems nach Loft no uewen. Am Ganze goufen 13 Recommandatiounen ausgeschwat, dozou gehéiert och, datt dacks genuch geüübt gëtt, wéi den Inspecteur général adjoint, Vincent Fally, erkläert.
"Dat Wichtegst ass dee prakteschen Aspekt, dat Repetitiivt, datt do genuch Zäit drop kënnt. Datt och genuch Formateuren do sinn, fir dat natierlech och ze verfollegen. Ech mengen Dir musst da gesot kréien, wann dat net gutt ass, firwat war et net gutt. Datt do wierklech ee Retour kënnt an datt se wëssen, datt se dat herno musse besseren."
Déi praktesch Übunge missten och der Realitéit entspriechen. An enger Turnhal kéinten net d'Konditiounen um Terrain, wéi beispillsweis Fiichtegkeet oder Däischtert, simuléiert ginn. De fréiere Ministère vun der Sécurité intérieure hat d'Police opgefuerdert, ze kucken, wéi déi 13 Recommandatiounen an een Aktiounsplang integréiert kéinte ginn. Dräi goufen eent zu eent iwwerholl, siwe mat partiellen Ännerungen, bei enger wieren nach weider Analysen néideg an zwou goufe verworf. Dono gefrot, wéi eng zwou Recommandatiounen net zeréckbehale goufen, äntwert de Vincent Fally:
"Et ass méi eng Saach, déi mat der Securitéit vun de Waffen ze dinn huet. Dat heescht, dat ass eng intern Saach, wou d'Police natierlech gutt placéiert ass, fir eng aner Meenung ze hu wéi mir. An eng aner ass natierlech, fir déi Temps de trajet op déi verschidde Sitte vun der Police ze reduzéieren. Dat ass natierlech evolutiv. D'Police probéiert natierlech, déi Temps de trajet ze reduzéieren, dat hu se jo gemaach, andeems se eng Sportshal hunn, déi just nieft der Policeschoul ass."
Datt "just" dräi Recommandatioune komplett ugeholl goufen, wier net schlëmm, well d'Organisatioun vun der Police ee permanente Prozess wier an et um Endeffekt drop géing ukommen, datt d'Zil areecht gëtt. An dësem Fall eng beschtméiglech Ausbildung vum Rekrutt. Am Prinzip mécht d'IGP pro Joer e puer Auditte respektiv Etüden. Vum Henri Kox krut een am Fréijoer nach dräi Aufgabe mat op de Wee. Dobäi geet et ëm d'Formation continue, d'Instruction tactique de base an d'Réorganisation territoriale aus dem Joer 2018.