Lutte géint gratis Reklammen an de Boîtte geet lass

Et ass eng gutt Nouvelle, fir déi all déi, déi sech reegelméisseg driwwer opreegen, datt d'Bréifboîte mat Publicitéiten a Flyeren vun all Zort iwwerleeft.
Vum 1. Januar d'nächst Joer un ass nämlech e formellen Accord gefrot, fir datt weider kommerziell Reklamme sollen an der Bréifkëscht vun engem Stot landen.
Wann also e Sticker op der Boîte pecht, dee seet, datt ee Publicitéit wëll, da gëtt dat och respektéiert. Gratis Zeitunge falen net ënnert dës nei Restriktioun.
All Zort vu Sticker gëtt acceptéiert, och e selwer-gemaachten. Den Autocollant «Keng Reklamme wgl.» gëllt iwwerdeems net méi.
Dës Reglementatioun baséiert op engem Gesetz vu Juni dëst Joer iwwert d'Verhënnere vu Knascht. Dorënner falen och dës nei Reegelen, wat d'Verdeele vun Toutes- Boîtes-Publicitéiten ugeet.
D'Post stellt d'Initiativ ënnert de Motto "Meng Boîte - meng Reklammen" a verdeelt vun en Dënschdeg un 3 Zorte Stickeren, déi kënnen op d’Boîte gepecht ginn.