Um Méindeg ass et also ee Revirement an deem kontrovers debattéierten Dossier.
Deemno huet den neien CSV-Policeminister Gloden eng Decisioun vu senger Virgängerin Taina Bofferding réckgängeg gemaach, sou datt d’Police opdrénglech Heescherten an Zukunft kann zu bestëmmte fixéierten Zäiten interpelléieren a froen, hir Plaz ze verloossen.
D’Stater Gemeng wollt hiert Police-Reglement op dësem Punkt méi streng maachen, eppes, wat d’Ministesch Bofferding awer net acceptéiert hat.
Lo ass et de Minister Gloden, deen deemno op dee selwechte Wee wéi d’DP-CSV-Koalitioun um Knuedler geet, sou datt d’Heescheverbuet um Stater Territoire vun nächster Woch u ka spillen.
Wéi d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer am Stater Gemengerot sot, wéilt een domat cibléiert géint Heescherte virgoen, déi an organiséierte Gruppen agéieren.
Mat der Decisioun vum Policeminister Gloden, datt et zu engem méi strenge Platzverweis an Heescheverbuet an der Stad kënnt, ass et domat net méi néideg, datt d’Stater Gemeng juristesch géint e Refus vun der Ex-Ministesch Bofferding virgeet.
De Platzverweis soll och op nationalem Plang mat engem Projet de Loi, dee wuel am Januar op den Instanzewee geet, méi effektiv ginn.
Den neie Police- an Inneminister erkläert, firwat hien dës Decisioun geholl huet a wat se konkret bedeit:
D’Stater Sozialisten hunn um Dënschdeg an der Mëttesstonn an engem Pressecommuniqué reagéiert a kritiséieren net nëmmen d’Finalitéit vun esou engem Verbuet, wat d’Bekämpfe vun den Aarmen amplaz d’Bekämpfe vun der Aarmut u sech viséiert, mä och de Fait, dass de Minister trotz de selwechte juristesche Begeebenheeten, dëst Verbuet approuvéiert, dat viru 7 Méint nach refuséiert gouf.