Rebellioun géint Polizisten a Menace mat Messer géint e Parkhaus-Gardien

E Sonndeg den Owend gouf et en Tëschefall an engem Parkhaus an der rue du Fort Wedell an der Stad.
E Gardien an engem Parkhaus hat zwou Persounen opgefuerdert, d'Trapenhaus ze verloossen, wouropshin eng vun den zwou Persounen de Gardien mat engem Messer menacéiert huet.
An enger éischter Phas war et de Polizisten net gelongen, déi gesichte Persoun z'ermëttelen. Den Dag drop gouf awer eng Persoun ugetraff, déi op d'Beschreiwung gepasst huet. Wéi de Verdächtegen op de Policebüro bruecht sollt ginn, huet dee sech nawell zimmlech aggressiv géintiwwer de Beamte verhal an huet mussen dowéinst immobiliséiert ginn.
E gouf op Uerder vum Parquet festgeholl an hat Rendez-vous beim Untersuchungsriichter, deen en Haftbefeel erlooss huet.