"Séier do handelen, wou de Bam brennt"
Den SNE erwaart sech Engagement "do wou de Bam brennt". Dat wier an éischter Linn bei der Prise en Charge vu Kanner mat spezifesche Besoinen.
D'Enseignantsgewerkschaft huet e Mëttwoch de Moie géintiwwer der Press e Bléck op de Koalitiounsaccord geheit.
D'Léierpersonal géing sech dacks eleng gelooss fillen. Dowéinst fuerdert de Syndikat, de Berechnungsmodus vum Contingent zugonschte vu méi Personal ze adaptéieren. "An dësem Dossier dierf keng onnéideg Zäit verluer ginn", esou de President Patrick Remakel. Soss géing vill Personal riskéieren, iwwerfuerdert ze ginn a souguer an de Burnout ze falen. Doriwwer eraus huet d'Situatioun en Impakt op déi aner Kanner an der Klass.
Ausschaffe vum "Plan d'Etude" ass weider Prioritéit
Fir e Léierprogramm auszeschaffen, sollt ee sech déi néideg Zäit ginn a mat den Acteuren um Terrain zesummeschaffen. Den SNE fuerdert nom Motto "manner ass méi" virzegoen. D'Schoul kann net alles maachen, huet et op der Pressekonferenz geheescht. Ma et wier wichteg, en Dokument ze hunn, dat genee festhält, wat d'Kanner wéini solle kënnen. D'Ufuerderunge solle fir d'Enseignanten onmëssverständlech sinn, fir dass zum Beispill och wärend dem Bilansgespréich ganz kloer mat den Eltere ka kommunizéiert ginn.
Den SNE ass sech der sproochlecher Erausfuerderung bewosst a steet och weider hannert dem Pilotprojet vun der Alphabetiséierung op Franséisch. Et géing ee begréissen, dass de Koalitiounsaccord eng wëssenschaftlech Analyse vun deem Pilotprojet virgesäit. Insistéiert awer dorop, dass d'Begleedung kritesch an onofhängeg soll geschéien. D'Evaluatioun soll ëffentlech gemaach ginn a breet diskutéiert ginn.
"D'Inclusioun huet hir Grenzen"
D'Enseignantsgewerkschaft begréisst, dass en zweeten Intervenant am Cycle 1 soll agesat ginn, fir d'Kanner besser ze encadréieren. Ma wat d'Kanner mat spezifesche Besoinen ugeet, dierf net wéi bis ewell weider gemaach ginn. Virun allem bei de Kompetenzzenter fuerdert den SNE Ännerungen am Sënn vum Kand, ma och fir d'Enseignanten ze entlaaschten. Et wier dramatesch, wann d'Prozeduren am Wee stinn a Kanner mat spezifesche Besoinen net kënne gehollef kréien.
An de Klassen huet d'Inclusioun hir Grenzen, esou den SNE-President. Ma dëse Saz géing dacks falsch verstane ginn. D'Grenz wier nämlech bei de Moyenen, déi d'Personal um Terrain huet. Esou wéi et den Ament ass, kéint d'Inclusioun net esou geléngen, wéi et sollt sinn.
Den SNE bedauert, dass kee Paradigmewiessel am Koalitiounsaccord ugekënnegt ass. D'Kand soll am Vierdergrond stoen an net d'Prozedur, dat betount de Patrick Remakel. Den administrativen Opwand soll reduzéiert ginn, fir dass d'Kand méi séier ka gehollef kréien.
Bei de Bilanen dierf net alles beim Ale bleiwen
D'Bilane musse méi lieserlech ginn. Et kéint net sinn, dass all Regioun an all Schoul quasi anescht géing bewäerten.
Wat d'Gestioun vun de Schoulen ugeet, gesäit den SNE awer keen Handlungsbedarf. Dofir wonnert sech d'Gewerkschaft, dass de Koalitiounsaccord hei Ännerunge virgesäit. Dogéint géing een sech awer wieren, well de System gutt géing funktionéieren. "Den SNE seet ganz kloer Nee zu engem Pilotprojet mat engem Direkter."
Formatioun vun den Enseignante bleift e Sträitpunkt
Bei der Ausbildung leien d'Vue vum SNE an déi vun der Regierung ganz kloer auserneen. Den SNE wëll net vun der Fuerderung no engem Master fortkommen. Dowéinst bedauert d'Gewerkschaft, dass de Koalitiounsaccord aner Funktioune virgesäit. D'Educatioun vun de Kanner verlaangt déi beschtméiglechst Formatioun vun den Enseignanten, betount de Patrick Remakel. Doriwwer eraus ginn d'Ufuerderungen un d'Léierpersonal am Fondamental ëmmer méi grouss, esou de President.
Et hofft ee fir d'Zukunft op eng konstruktiv Zesummenaarbecht mat der neier Regierung, esou wéi och mam alen an neie Minister Claude Meisch. Den SNE sot sech zefridden, dass eng Rei Fuerderunge vun der Gewerkschaft an de Koalitiounsaccord opgeholl goufen. Bei enger Rei Punkte wéilt een ofwaarden, wéi d'Ëmsetzung ausgesäit, well nach Interpretatiounsspillraum do ass.
Wat d'Enseignantsgewerkschaft awer ferm kritiséiert, ass, dass d'Regierung kee generelle Rekrutement op Master-Niveau virgesäit. Dat bleift awer eng vun den Haaptfuerderunge vum SNE. Wat dat ugeet wier een net bereet, Kompromësser ze maachen.