Staatlech Bäihëllefe gi bis Enn Juni verlängert
De Premier Luc Frieden huet ugekënnegt, datt ënnert anerem d'Hëllefe fir Photovoltaik-Anlagen, Wärmepompelen an elektresch Autoen a Vëloe verlängert ginn.
D'staatlech Bäihëllefen am Kader vum Klimabonus, respektiv d'Fërdere vu Photovoltaik-Installatiounen, Wärmepompelen a Renovatiounsprojeten, ginn ëm 6 Méint bis Enn Juni verlängert. Dat huet de Premierminister Luc Frieden op deem éischte Pressebriefing no engem Regierungsrot annoncéiert.
Dat selwecht gëllt fir d'Subventioune fir d'elektresch Autoen a Vëloe grad ewéi fir d'Borne fir E-Gefierer opzelueden. Déi wären Enn Mäerz expiréiert a gëllen elo awer och bis Enn Juni. Dat nächst Hallefjoer iwwer wëll d'Regierung dës Mesuren op de Leescht huelen a préiwen, wéi ee se u sozial Krittäre banne kéint, esou de Premierminister.
D'steierlech a prozedural Moossnamen a Punkto Logement sollen an Eenzelgespréicher tëscht Ministeren a Leit aus dem Secteur an de Gemengen diskutéiert ginn. Zil dovu wär et, dass all d'Acteuren un engem Strang zéien. Am Februar soll dat a grousser Ronn beschwat ginn. D'Steiervirdeeler wéi beim Amortissement accéléré a bëllegen Akt mussen nach an engem Gesetz festgehalen an an der Chamber gestëmmt ginn. Se géifen awer retroaktiv op den 1. Januar gëllen, huet de Luc Frieden betount.
Weider Theemen um Pressebriefing
Op internationalem Niveau huet den neie Premier den Accord vun der Weltklimakonferenz zu Dubai begréisst. Lëtzebuerg war do duerch den Ëmweltminister Serge Wilmes vertrueden. E Kompromëss tëscht 200 Länner wär gutt: d'Ziler vun der 1,5 Grad Limitt an den Exit aus de fossillen Energien an Etappe wär en Exploit, esou de Premier. De Lëtzebuerger Klimaplang, deen ënnert der viregter Regierung ausgeschafft gouf, hätt deenen Ziler virgegraff.
E Mëttwoch fiert de Luc Frieden op den EU-Sommet op Bréissel. No Gespréicher am Ministerrot géif hie mam Mandat op Bréissel fueren, fir sech fir d'Erweiderung vun der Unioun staark ze maachen. D'EU sollt aus Lëtzebuerger Siicht deemno mat Bäitrëttsgespréicher mat der Ukrain a Moldawien ufänken. Méi nuancéiert och mat Georgien a Bosnien: do wär nach méi Preparatioun néideg. All potenzielle Bäitrëtt géif awer laang daueren, well vill Etappen dofir gebraucht ginn.
Dat hei soll net deen eenzege Pressebriefing nom Ministerrot bleiwen, huet de Luc Frieden erkläert. Wéi dacks hien der ofhale wëll, huet hien net gesot. De Luc Frieden wäert d‘nächst Woch keng ëffentlech Optrëtter hunn. Hie géif ambulant un der Nues operéiert ginn, awer weider schaffen.