Jidderee kennt et aus de Filmer: De Laborant, dee mat e puer Klicks an Handgrëffer eng Spuer analyséiert an domat d'Identitéit vum Täter fënnt.

Wéi leeft dat dann zu Lëtzebuerg of? Ass et an der Forensik genee sou wéi een dat bei CSI Miami & Co kennt oder ass d''Realitéit eng aner? Deem si mir op d'Spuer gaangen an hunn heivir mam Anne De Bast geschwat.
D’Anne de Bast ass Rechtsexpertin fir d'Identifizéierung vu Mënschen un Hand vu geneteschen Ofdréck a schafft zu Diddeleng am Laboratoire national de santé. Wann d’Spueresécherung vun der Police op engem Tatort Hiweiser mat Spuere fënnt, déi eventuell op d’Identitéit vum Täter schléisse loosse kéinten, da ginn déi un de Service d’identification génétique vum LNS geschéckt.

Heiansdo sinn et Bluttspueren, Kleedungsstécker oder awer och aner Géigestänn, déi mir elo hei net ernimmen dierfen, déi an de Laboratoire kommen. Dem Anne de Bast hir Aufgab ass et dann, esou vill DNA-Spuere wéi méiglech ze fannen an dës auserneenzehuelen, fir en DNA-Profil ze erstellen an d’Spueren enger Identitéit zouzeuerdnen. D’Opträg kritt de Service vum Parquet.

Mat hirer Aarbecht sinn d’Anne de Bast an hir Kolleegen eng Etapp respektiv eng Spuer vu villen, déi bei der Opklärung vun enger Strofdot hëllefräich ka sinn.

Si erstellen net nëmme Profiller unhand vun DNA-Spueren, déi op engem Lieu de Crime fonnt ginn, mee kréien och Prouwe vu Verdächtegen an Affer, fir dës duerno mat den net identifizéierte Spuere vergläichen ze kënnen.

Ganz wichteg ze soen ass, dass den Expert fir genetesch Kriminalitéit net seet: "Deen ass schëlleg" oder "deen ass onschëlleg". Dat ass d’Aarbecht vun der Police. Et geet just drëms festzestellen, ob eng Persoun mat enger Warscheinlechkeet vu sou a souvill Prozent zu enger DNA-Spuer bäidréit.

Internationalen Austausch

All DNA-Profil, deen am LNS erstallt gëtt, gëtt an der nationaler Datebank gesammelt. Zu Lëtzebuerg ass alles bei engem Service vun der Police zentraliséiert. "Dat ass e grousse Virdeel. Esou sinn all Daten op enger Plaz zentraliséiert an en onbekannt Profil kann esou mat all gespäichertem Profil zu Lëtzebuerg verglach ginn", sou d’Anne De Bast.

Esou kënnt et da mol vir, dass mat enger Prouf direkt 10 oder 15 Fäll kënne geléist ginn, well den Täter zu Lëtzebuerg fläisseg Spueren hannerlooss huet.

Duerch den Austausch vu Profiller tëscht den europäesche Länner kënne Fäll zu Lëtzebuerg geléist ginn. Dat zum Beispill, wa Krimineller, déi duerch Europa ënnerwee sinn, abriechen, fir u Suen ze kommen.

Lëtzebuerg ass nämlech en Deel vum Prümer Vertrag. Dëse gouf vun den EU-Länner ënnerschriwwen, fir sech géigesäiteg bei der Verhënnerung a Verfolgung vu Strofdoten ze ënnerstëtzen. Lëtzebuerg tauscht sech den Ament mat 23 Länner aus. Sou kënnen zum Beispill DNA-Profiller, déi zu Lëtzebuerg net direkt identifizéiert kënne ginn, mat Donnéeën aus aneren Datebanke verglach a méiglecherweis eng Identitéit festgestallt ginn.

Mikroskopesch kleng Beweiser, grouss Responsabilitéit

Hir Aarbecht bréngt eng grouss Verantwortung mat sech, Feeler dierf ee sech do keng erlaben. "Mir musse ganz genee oppassen, keng Prouf ze kontaminéieren. Dat kéint an engem Kriminalfall nämlech grouss Konsequenzen hunn. E Feeler vun eis kann en Onschëllegen an de Prisong bréngen oder e Schëllegen op fräiem Fouss loossen. Mir kënnen eis keen eenzege Feeler erlaben."

Dowéinst gëtt och alles schrëftlech festgehalen. Eleng wann een an de Service erakënnt, muss een ënnerschreiwen a kloer soen, wéini ee komm a gaangen ass. Muss een als Aussestoenden zum Beispill an de Labo fir eng Reparatur oder fir ze botzen, da muss een eng DNA-Prouf ofginn. Esou kann am Fall vun enger Kontaminatioun festgestallt ginn, vu wéi engem Mataarbechter d’DNA kënnt. Si mussen esou virsiichteg virgoen, d’DNA-Spueren op de Beweiser sinn nämlech net onendlech.

"Dacks hu mir just esou wéineg Material, dass et schonn domat immens schwéier ass, e Profil ze erstellen. Wann dann nach DNA vun engem Mataarbechter un d’Prouf kënnt, mécht dat eis Aarbecht just nach méi komplizéiert."

Mord ass éischter seelen

Tatsächlech handelt et sech bei deene meeschte Prouwen an dësem Service ëm Spueren, déi mat enger Strofdot zesummenhänken. Ganz seele kënnt et da vir, dass d’Ekipp eng Analys maache muss, wou d’Fro gekläert soll ginn, ob e Mann de biologesche Papp vun engem Kand ass oder net.

Aktuell sinn déi meeschte Fäll Vol oder Abréch, respektiv Abréch, wou och eppes geklaut gouf. Mee och Iwwerfäll mat kierperlecher Gewalt sinn deslescht méi heefeg ginn, wéi d’Anne de Bast erzielt.

Souguer bei DNA-Prouwen huet e Mënsch e Recht op Privatsphär

D’Biologen aus dem LNS dierfe bei hiren Ënnersichungen nëmme repetitiv Sequenze vun der DNA analyséieren, déi keng Informatiounen iwwert d'Ausgesinn vun enger Persoun liwwert. Wéi eng DNA-Sequenzen ënnersicht ginn, ass op internationalem Niveau festgehalen. Esou ass et méiglech, d’DNA vun enger Persoun mat där vun enger anerer ze ënnerscheeden, méi gëtt ee mat dëse Sequenzen awer net gewuer.

Wann een nämlech Sequenzen ënnersiche géif, déi e genetesche Code droen, kéint een nämlech zum Beispill soen, wéi eng verierfbar Krankheeten de Mënsch a sech dréit oder fir wéi eng Krankheeten e méi héije Risk besteet. Fir d’Privatsphäre vun de Mënschen ze schützen, ass dat gesetzlech verbueden an de LNS hält sech hei strikt un d'Gesetz. Och ginn d’Informatiounen ausschliisslech un d’Datebank vun der Police weidergeleet a kënnen net anerwäerts genotzt ginn.

An den USA war dëst nämlech eng Zäitchen net esou. Wann do eng Prouf vun enger Persoun geholl gouf, gouf alles analyséiert a schrëftlech festgehalen. Mat Hëllef vun dësen Donnéeën hunn dunn zum Beispill Assurancë Clienten net akzeptéiert, well an hirer DNA e Risk fir gewësse Krankheeten ofzeliese war.

Fir esou e Mëssbrauch zu Lëtzebuerg an an anere Länner ze verhënneren, verbitt d’Gesetz d’Notze vu codéierte Sequenzen.

An och de "Portrait Robot" wéi et dee schonn am Ausland gëtt, ass zu Lëtzebuerg net erlaabt. Dat ass eng Méiglechkeet, mat Hëllef vun der DNA eng Aart Phantombild ze erstellen. Hei kënnen zum Beispill Warscheinlechkeeten zu der Hoerfaarf, Hautfaarf an Aefaarf opgestallt ginn. Et ass also awer net alles, wéi een et an de Serien a Filmer ëmmer gesäit.