Virun e puer Jore war den Îlot gastronomique um Fëschmaart nach eng vun deene bekanntste gastronomeschen Adressen. Mëttlerweil erënnert net méi vill dorun.

An der Lescht goung zu Lëtzebuerg vill iwwert Heescheverbuet a Platzverweis riets. Virun allem an der Stad héiert een dacks, datt d'Zuel vu Sans-abrisen an deene leschte Joren an d'Luucht gaange wier. Méi siichtbar ass de Sans-abrisme op alle Fall am Îlot gastronomique direkt nieft dem Palais ginn.

Sans-abrisen am Îlot gastronomique (Reportage Marc Hoscheid)

Zanter engem gudde Mount hu sech virun der Entrée vum fréiere Restaurant Goethe Stuff e puer Persounen ouni Daach iwwert dem Kapp installéiert. Ma well et sech ëm ee Privatterrain handelt, kënnen d'Agente vum soziale Service à vos côtés net agräifen. Bei der Gemeng gesäit ee souwisou d'Proprietären an der Flicht.

"Wa Leit sech annisten a Privatproprietéiten, da mussen déi Leit dat effektiv der Police mellen an déi Leit mussen erausgesat ginn. An d'Leit mussen natierlech derfir suergen, datt hir Haiser oder hir Proprietéiten ofgeséchert sinn, datt ebe kee méi rakënnt."

Ma d'Proprietäre vum Îlot gastronomique schénge sech net wierklech fir d'Situatioun op der Plaz ze interesséieren. Op Nofro hin ass et d'Ausso, et wéisst een näischt vu Sans-abrisen. Am Fong ass op deene 2.000 Meter carré a sechs Etage Plaz fir néng Etablissementer. Aktuell ass awer just nach ee Lokal am Îlot op.
D'Tanja de Jager ass d'Gerante vun där Bar. Si beschreift, wéi sech d'Situatioun entwéckelt huet.

"Fir d'éischt war et just een op der rietser Säit vum Tiermchen, mat engem Kartrong, deen huet sech dann owes dohinner geluecht an da war dat gutt, dat war net weider schlëmm. Lo ass awer mëttlerweil op där anerer Säit bei der Goethe Stuff, wat e bëssi méi héich ass déi Entrée, do läit da lo een oder zwee, mat senge ganze Jugurtsbecheren, mat sengem ganzen Iessen, Europaletten, fir dat Ganzt ofzetrennen, mat Decken, fir d'Siicht ze verdecken."

Wat d'Zukunft ugeet, mécht si sech hir Gedanken.

"Mat deem Site ass guer näischt geplangt. Dat eenzegt, dat mir wëssen, ass, datt eise Proprietär hei dee ganzen Îlot wëllt verkafen, wat en awer net fäerdeg bréngt. D'Stee war näischt ginn, du war alt mol ëmmer deen een oder aneren Interesséierten, wat awer och ni duerchgaangen ass. Bon, lo hu se eis gefrot, ob mir awer wéilte bleiwen, äert si iwwerhaapt nach investéieren. Dach mir wëlle bleiwen, wou mer sinn, net wat mer sinn, wéi um Tiermche steet, mee wou mer sinn."

Och fir d'Stad als Touristendestinatioun wier et net vu Muttwëll, wann de Passage du palais rëm méi ee frëndlecht Bild géing ofginn.

"Also ech schätzen, wa mir am Summer op eiser Terrasse sëtzen, da wäerten awer eng 50 bis 80 Touristegruppen den Dag duerch dee Passage goen. An do war soss schonn, am Summer oder egal wéini schonn ëmmer de Problem, well owes do Jugendlecher oder Clocharden oder Obdachloser do waren an et huet relativ dacks no Piss gestonk."

An dat, obwuel déi fréier d'Patrone vum Tiermchen de Buedem an der Zäit nach all Dag mat waarmem Waasser gebotzt hätt. Ma well déi Zäiten eriwwer sinn, richt et mëttlerweil nach no anere Saachen.