Nieft Corona verbreede sech aktuell och aner Viren, déi d'Otemweeër ugräifen. Sou z.B. dee vun der Bronchiolite (RSV), respektiv dem Grippevirus.

Den 1. Abrëll dëst Joer goufen zu Lëtzebuerg déi leschte Corona-Mesuren opgehuewen. D'Liewen am Grand-Duché leeft mëttlerweil quasi rëm genee sou wéi virun der Pandemie. Ma dat bedeit awer net, datt de Virus verschwonnen ass. Ganz am Géigendeel, am Moment si mer esouguer matten an enger Epidemie.

Lëtzebuerg ass matten an enger Epidemie - Reportage Marc Hoscheid

Datt et aktuell ganz vill Infektioune gëtt, weess een, well d'Laboen nach ëmmer verflicht sinn, hir Zuelen un d'Santé ze schécken. Doriwwer eraus gëtt och nach ëmmer d'Ofwaasser kontrolléiert, an do hätt een d'lescht Woch een absolutte Rekord opgestallt. Gläichzäiteg sinn awer nëmme ganz wéineg Leit wéinst Corona hospitaliséiert. Den Epidemiolog Joël Mossong vun der Santé erkläert, firwat eng Infektioun mëttlerweil meeschtens manner schlëmm ausfält.

"Déi meescht Leit, déi hate schonn op mannst dräi oder véier Dosen Impfungen oder déi hate scho selwer de Virus een oder zwee oder dräi Mol. Doduercher, duerch déi vill Erfarungen, déi een entweder mam Vaccin oder mam Virus gemaach huet, ass eng relativ grouss Immunitéit, Herdenimmunitéit, an der Bevëlkerung."

RTL

Joël Mossong / © Marc Hoscheid

Datt sech de Virus sou vill verbreet, géing och dorunner leien, datt et zanter August eng nei Variant mam Numm BA2.86 gëtt, déi den Immunsystem nach net esou gutt kennt. Ma och wann d'Krankheetsverleef net méi sou schlëmm sinn, ass et nach ëmmer d'Recommandatioun, datt Leit iwwert 65 Joer, vulnerabel Persounen a schwanger Frae sech impfe loossen. D'Impfstoffer géife reegelméisseg ugepasst.

An der Tëscht gëtt et jo och keng gesetzlech Virschrëfte méi, wéi ee sech am Fall vun enger Infektioun verhale soll. De Joël Mossong appelléiert awer un de gesonde Mënscheverstand vu jidderengem.

De Joël Mossong iwwert Corona a schaffen

"Dat heescht, wann ee krank ass a sech krank spiert, da soll een doheem bleiwen. Et weess een, wann een zum Beispill doheem ee Schnelltest mécht an deen ass positiv, da muss een dervunner ausgoen, datt een ustiechend ass. Dat heescht, wann een net onbedéngt eng aner Persoun wëllt ustiechen, virun allem eng, déi vulnerabel ass, da soll ee Precautiounen huelen."

Wann ee Covid-positiv ass an awer ënnert d'Leit geet, kann d'Undoe vun enger Mask dobäi hëllefen, datt een de Virus net weider gëtt. Mee generell géing gëllen, datt een am beschten doheem bleift.

Nieft Corona verbreede sech aktuell och aner Viren, déi d'Otemweeër ugräifen.

"Dat eent ass dee vun der Bronchiolite, deen heescht RSV. Dee Virus verursaacht virun allem Bronchiolite bei Bëbeeën. Do gesi mer awer och, datt dat dëst Joer net sou schlëmm ass wéi déi Jore virdrun. Virun allem an der Pediatrie vum CHL, well mer do am Oktober eng nei Immunisatiounscampagne gestart hunn, déi ganz gutt wierkt. Wou ee wierklech gesäit, datt déi Bëbeeën, déi déi Prophylaxe gesprëtzt kritt hunn, datt déi besser géint schwéier Verleef geschützt sinn."

Och d'Grippefäll wieren am gaangen, an d'Luucht ze goen. Virun deem Hannergrond weist d'Santé drop hin, datt et nach net ze spéit ass, sech impfen ze loossen. Mat Bléck op Familljefester iwwert d'Feierdeeg ass et dann nach den Tipp, datt et net verbueden ass, virdrun ee Schnelltest ze maachen.