Scho virun de Chamberwale gouf gemunkelt, CSV a Liberal géife matenee flirten.

Opgrond vun de Resultater um Walsonndeg – CSV weiderhi stäerkst Partei mat 21 Sëtz, DP déi zweet mat 14 Sëtz, 2 méi wéi nach 2018 war et séier kloer, datt et op eng schwaarz-blo Regierung géif erauslafen.

D’Koalitiounsverhandlungen hu schonn 3 Deeg no de Walen ugefaangen a goufen a Rekordzäit ofgewéckelt. Ënner gréisster Diskretioun. De Luc Frieden hat als Formateur scho säi Stempel gesat a gewisen, wien den neie Chef ass.