Den Internet gëtt virun allem fir de Kontakt mat Frënn a Famill genotzt, awer och fir sech iwwer d'Aktualitéit z'informéieren a sech net ze langweilen.

Den Internet ass aus eisem Alldag nëmmen nach schwéier ewechzedenken. Vill Aktivitéiten, sief et am Beruffs- oder am Privatliewen, spille sech am World Wide Web of. D'lescht Joer hat de Statec eng Etüd an Optrag ginn, fir ze analyséiere wéi Jonker am Alter tëscht 16 a 24 Joer den Internet notzen. D'Resultater weisen, datt et net eleng ëm Produktivitéit geet.

Jonker am Internet / Rep. Marc Hoscheid

A Kontakt mat der Famill a Frënn bleiwen, respektiv de Kontakt verbesseren: Mat 81 Prozent ass dat den Haaptgrond, firwat Jonker den Internet notzen. Déi zweete Plaz deele sech zwee zimmlech ënnerschiddlech Grënn. Op jee 67 Prozent kommen engersäits d'Informéieren iwwert lokal an international Neiegkeeten an anerersäits de Kampf géint d'Langweil. Am Verglach mat allen aneren Altersgruppe fält op, datt d'Evitéiere vu Langweil duerch d'Notze vum Internet bei deene Jonke vill méi staark ausgepräägt ass. An der Altersgrupp tëscht 55 a 64 Joer sinn et zum Beispill just 20 Prozent, déi dee Grond uginn.

78 Prozent vun deene Jonke ginn un, am Internet Instant-Messaging-Déngschter ze notzen. Knapp dohanner kommen der Rei no déi sozial Reseauen, d'Uruffe respektiv Video-Callen, d'Lauschtere vu Musek an d'Kucke vu Videoen. Mam Alter geet d'Lauschtere vu Musek iwwert d'Internet am stäerksten no ënnen, an zwar vu 76 Prozent an der Altersklass tëscht 16 a 24 Joer op 28 Prozent bei de Persounen tëscht 65 a 74 Joer.

Tëscht deenen zwee Geschlechter gëtt et iwwerdeems Ënnerscheeder bei der Notzung vum Internet. Sou spille jonk Männer däitlech léiwer Videospiller wéi Fraen an deem selwechten Alter, dat mat 63 géint 40 Prozent. Frae sichen dofir méi dacks no Informatiounen aus dem Gesondheetsberäich, dat mat 49 zu 41 Prozent.

70 Prozent vun deene Jonke kafen am Internet an. Op Plaz eent vun deene Saachen, déi akaaft ginn, leie mat 58 Prozent Kleeder, Schong an Accessoiren. Op de Plazen zwee an dräi kommen Tickete fir kulturell Manifestatiounen an Iessen, dat heem geliwwert gëtt.