Wéi de Fonds National de la Recherche (FNR) e Samschdeg an engem Communiqué matdeelt, verléisst den Dr. Marc Schiltz d'Organisatioun.

De Marc Schiltz war 13 Joer laang op sengem Posten, elo géif hien awer eng nei Erausfuerderung sichen. "Mat sengem onermiddlechen Engagement huet de Marc Schiltz aus dem FNR eng international héich unerkannt Institutioun gemaach, mat grousse Meritte fir d'Lëtzebuerger Recherche. Mir soen him fir seng wäertvoll Aarbecht Merci a wënschen him fir seng Zukunft dat Bescht", esou d'Martine Reicherts, Presidentin vum Administratiounsrot vum FNR an der Matdeelung.

An der Iwwergangsperiod iwwerhëlt d'Andreea Monnat, déi den Ament Generalsekretärin-Adjointe ass, dem Marc Schiltz säi Posten, bis ee Successeur gewielt gouf.