An de fréie Moiesstonne gouf eng Persoun an der Rue de Dublin zu Mamer gemellt, déi an direkt e puer Haiser agebrach wier.

D'Police huet sech direkt op d'Sich nom Täter gemaach a konnt dann och e Verdächtege pëtzen, deen déi geklaute Saachen nach bei sech hat.

Op Uerder vum Parquet gouf e verhaft an hat um Méindeg am Nomëtteg Rendezvous beim Untersuchungsriichter.