"Keng Panik virum Neiufank! Keng Panik virum Vide!"

© Sarah Cames / RTL
De Joreswiessel ass grad emol eng Woch al. Éischt gutt Virsätz goufen an d'Realitéit ëmgesat, wärend anerer antëscht och schonn erëm gebrach goufen.
D'Chrëschtdeeg an de Joreswiessel sinn eng Zäit vun der Introspektioun. Eng Zäit vum Réckbléck op dat vergaangent Joer, an eng Zäit, an där ee sech Gedanken doriwwer mécht, wou een dat nächst Joer mat sengem Liewen hi wëll.
Et ass och nach ëmmer eng Zäit, déi staark vu chrëschtleche Wäerter an Traditioune gepräägt ass. Wéi eng Roll déi an enger ëmmer méi sekulärer Welt nach anhuelen, a wéi eng Froen ee sech an dëser Zäit och nieft dem Glawe stelle kann, doriwwer hu mir mat der Philosophin Nora Schleich geschwat.
Bei de gudde Virsätz de Kapp net vergiessen
Traditiounen - egal op chrëschtlech oder net - bidden dem Mënsch eng gewësse Verlässlechkeet, eng Sécherheet. Si ënnerdeelen d'Joer a ginn eis Orientéierung. "Et ass alles an der Dynamik, et ginn esou vill Krisen an Ëmbréch, wou eigentlech näischt méi sécher ass a mir mussen eis dauernd iergendwéi flexibel halen an nei upassen. An awer ass et kloer, datt de 24. Hellegowend ass." Et ass déi eng Zäit am Joer, wou d'Aktualitéit sech un e fixen Datum upasst, an net ëmgedréint. "Et ass eppes wéi e Fiels an der Brandung fir eis", esou d'Nora Schleich.
Déi Wäerter, déi iwwer d'Feierdeeg besonnesch zelebréiert ginn, muss een awer net onbedéngt aus der reliéiser Perspektiv betruechten. "D'chrëschtlech Traditioun huet inherent ganz humanistesch Wäerter. Et geet ëm dat Gutt, ëm Gerechtegkeetssënn, Nächsteléift. Dat ass eppes, woufir een net muss gleeweg sinn, fir dat ze spieren."
Dat mënschlecht Liewen ass ënnerdeelt a Sequenzen: Gebuert, Handlungsraum an Doud. Chrëschtdag, op deem d'Gebuert vum Jesus gefeiert gëtt, genee wéi Silvester, stinn dobäi an eisem westlechen Empfannen ëmmer och fir een Neiufank. Datt dat neit Joer fir vill Leit mat gudde Virsätz lassgeet, mat deenen ee sech ee stéckwäit nei erfanne wëll, verwonnert deemno och net weider.
Vill Leit leeën de Fokus dobäi awer virun allem op dat Kierperlecht: Si wëlle méi gesond iessen, méi Sport maachen, villäicht och e puer Kilo ofhuelen. Ma doriwwer sollt een net vergiessen, datt de Kierper eben net just aus Muskelmass, Schanken a Fettzelle besteet. "Ech mengen de Kapp ass einfach fir vill Leit méi wäit ewech, wéi de Kierper. En deet net esou schnell wéi, wann et net klappt. Mee iergendwann wäert dee sech och äusseren, wann déi Onzefriddenheet un engem nagt", esou d'Nora Schleich.

© Image Polina Kovaleva via Pexels
Et ass wichteg, sech déi Zäit fir ee kuerzt Innehalen an e Bléck hannert déi eege Kulissen net just ëm d'Feierdeeg ze huelen, esou d'Philosophin. Villméi sollt et en alldeeglechen Exercice sinn, sech d'Fro ze stellen: "Wat mécht iwwerhaapt Sënn fir mech a wéi wëll ech mäi Liewe gestalten?"
Ma wou fänkt een do iwwerhaapt un? Ëmmerhi gehéiert vill Mutt derbäi, sech reegelméisseg esou grondleeënd ze hannerfroen.
All Moment huet d'Potential fir een Neiufank
Fir d'Nora Schleich steet am Ufank d'Fro no de Blockaden: Wat hält mech den Ament dovunner of, ee Liewen ze liewen, dat mir entsprécht? Dacks wieren et Iddien an Erwaardungen, déi vu bausse kommen, an déi een - bewosst oder onbewosst - internaliséiert an op dat eegent Liewen iwwerdréit, och wann ee selwer villäicht guer net an déi Maquette passt.
"Mir maachen esou wéi d'Leit gesot hunn, oder wéi eis Eltere wollten, oder wéi een dat eben zu Lëtzebuerg mécht. Da geet een eben Eco a Finanze studéieren an herno ass et awer langweileg an et ass een einfach onzefridde scho méindes, wann d'Woch ufänkt. An de Kierkegaard, e Virreider vun den Existenzialisten, hie géif soen: Sorry, et gëtt näischt, wat der ka soen, wéis du liewe muss, ausser du selwer."
Wat op där enger Säit Angscht ka maachen, kann op där anerer Säit onheemlech vill Potential bréngen.
"Et ass fuerchtbar, fuerchtbar schrecklech am Ufank, well et ass näischt do. Et ass keng Moral, et ass kee Gott do, et ass keng Mamm do, déi eis seet, wat mer solle maachen. Mee et si mir selwer, déi eis dat fir eis am beschte wëssen. An dat geet just, wa mer all d'Masken ofleeën, wa mer dat Äiferen no eppes anerem ofleeën."
Der Philosophin hire Message: "Keng Panik virum Neiufank! Keng Panik virum Vide! All dat gehéiert dozou an ass schwanger mat ville Méiglechkeeten, déi mer kënne gebären."
Fir dee Schratt ze goen, muss een net op dat neit Joer waarden. All Moment huet d'Potential vun engem Neiufank a sech. "Mir sinn déi Mënschen, déi sech eis Geschichte selwer ginn, a mir kënnen eis Geschichten och selwer ufänke loossen. An dat ass am Fong mega schéin."
Den Individuum a seng Plaz an der Gesellschaft
Ma bei all där Introspektioun sollt een awer net vergiessen, datt een och als Individuum nach ëmmer Deel vun enger Gesellschaft ass. Eisen Erfolleg am Liewen, egal no wéi enge Moossstief gekuckt, hänkt ëmmer och vun eise Matmënschen of. "All déi Errongenschaften, fir déi mir eis op d'Schëller klappen, wiere guer net méiglech, wa mer net systemdroend Mënschen hätten, déi e System erlaben, datt mir kënnen erfollegräich sinn."
Matgefill wier eng Valeur, déi nees misst groussgeschriwwe ginn, fënnt d'Philosophin Nora Schleich. "Ech mengen, datt d'Empathie absolutt zu Gronn geet an enger hyperindividualiséierter Gesellschaft, well mer do guer net méi déi aner als wichtege Member an enger Gemeinschaft wouer huelen, mee als Mëttel zum Zweck."
Dat kréie virun allem déi Leit ze spieren, déi an där Weltuschauung keen "Zweck" erfëllen. D'Nora Schleich kënnt hei op d'Heescheverbuet ze schwätzen. "Déi Leit sinn net op der Strooss, well si sech dat gewënscht hunn, mee well si an engem System duerch Lächer falen, well si eebe verschidde Kompetenzen net hunn, déi mir awer als fërderfäeg ugesinn. Oder si hätten einfach keng Chance." Trotzdeem hätte si e Recht dorop, datt si net bausse vir gelooss ginn. "Et ass wierklech zentral, datt mer d'Gesellschaft als Gesellschaft vun alle Membere gesinn."

© RTL-Archiv
Och wa jiddwereen den Här vu sengem Liewen ass, dierft een net vergiessen, datt een et net géif packen, wann een eleng am Liewe géif stoen. Dozou gehéiert och, datt am Liewe kee Mënsch déi nämmlecht Startbedingungen huet, wéi säin Nächsten. Sech mat aneren ze vergläichen, ass also net onbedéngt sënnvoll.
"Et wäert ni ee Moment kommen, wou esou vill Krittären iwwereneestëmmen, datt mer eis kënne sënnvoll matenee vergläichen. [...] Dat ass eng Schabloun, déi mir eis als Gesellschaft ginn, fir eppes vergläichbar ze maachen, [...]. Mee dat si Verstandeskonstrukter, déi eigentlech déi Villfältegkeet vum Liewe komplett ausklammeren an ënnerkomplex erschénge loossen. An dat kreéiert Momenter, wou Leit sech net méi dozou gehéierend spieren, well se an deem Vergläichsystem, dee mer eis ginn, keng Plaz méi fannen."
Deen ënnerlechen Drock misst een och emol lassloosse kënnen, seet d'Philosophin Nora Scheich. All Mënsch huet seng Ecken a Kanten, an d'Liewen ass ee Prozess, stänneg am Flux. An all Mënsch leet sech seng Prioritéiten eben anescht. "Ech muss erausfannen - an dat ass déi grouss Aufgab vum Mënsch - wat fir mech wichteg ass a fir wat ech liewe wëll", esou d'Nora Schleich.