Vermësst gëtt nach ëmmer d’Anne Buckland, Fils huet Sichaktioun organiséiert
Am Raum Jonglënster duerchsichen de ganzen Donneschdeg iwwer Fräiwëlleger d’Gebitt vun der Gemeng.
Zanter e Méindegmëtte 15.15 Auer feelt vun der 85 Joer aler gebierteger Schottin Anne Buckland all Spuer. Dunn huet si d’Dier vun hirem Zëmmer am CIPA zu Jonglënster zougezunn, wou si zanter annerhallwem Joer lieft. Si hat deen Ament en décken donkelbronge Mantel un an e Brëll mat roudem Gestell.
Um 3 Auer nuets, also 12 Stonne méi spéit, war si ëmmer nach net zréck. D'Personal huet d’Police alarméiert, déi direkt mat enger Patrull op d’Plaz komm ass. Um 5.30 Auer ass dunn och den Helikopter an d'Sichhënn als Verstäerkung an den Asaz komm. Dës Aktioune bloufen awer ouni Erfolleg ouni iergendeen Hiweis, wou sech déi Vermësste kéint ophalen.
Dass si d’Altersheem och emol fir länger Zäit an Owes verléisst, wier normal, soen esouwuel Famill a Frënn wéi och d’Personal vum Altersheem. Déi schmächteg Fra vun 1,50 Meter wier agile a bei gudder mentaler Gesondheet. Si wier dacks eraus spadséiere gaangen oder Frënn hu si ofgeholl. Reegelméisseg wier si och méi spéit Owes zréckkomm. Zum Beispill wa si un hire schotteschen Danzcoursen deelgeholl huet.










Ma zanter e Méinden huet kee méi eppes vum Anne Buckland héieren. De Jong vun der Vermësster, den Tom Buckland, deen an England lieft, ass op Lëtzebuerg komm an huet en Donneschdeg eng privat Sichaktioun organiséiert. Eng 60 Leit hu sech bei der Gemeng getraff. Frënn, Personal vum CIPA, Wanderveräiner, Jonglënster Bierger a vill Membere vun der engleschsproocheger Communautéit. A klenge Gruppen trëppele si Tier tëscht 3 an 12 Kilometer an der Gemeng of, op der Sich no der Vermësster. Et ass fir de schlëmmste Fall auszeschléissen: Dass déi Vermësste sech beim Spadséieren verlaf oder blesséiert hätt.
D’Police huet och schonn a sämtleche Klinicken an Hoteller no der Fra gefrot. Ouni Succès. De Fils vun der Vermësster probéiert elo, esou vill wéi méiglech Mënschen ze erreechen. Hien huet Flyer an der Noperschaft an u sämtlech Buschauffer verdeelt. Net wäit vum CIPA ass nämlech och e Busarrêt, wou Busser Richtung Dikrech, d’Muselgéigend an an d’Stad fueren. Um Donneschdeg am Nomëtteg wäerten nach Fräiwëlleger bei der Sichaktioun matmaachen an och Sichhënn kommen nach emol an den Asaz. Ma och d’Police sicht weider no der Vermëssten, déi spuerlos verschwonnen ass.
Hei nach eng Kéier Beschreiwung:
D'Fra ass vu schmueler Statur, ongeféier 1m50 grouss, huet kuerz gro Hoer an huet e roude Brëll un. Si schwätzt virun allem Englesch. D'Fra ass op medezinesch Hëllef ugewisen. Ween d'Fra gesinn huet, oder soss nëtzlech Informatiounen huet, soll sech w.e.g. bei der Police Museldall mellen (Tel.: (+352) 244 70 1000 oder E-Mail: Police.MUSELDALL@police.etat.lu).