Grouss ginn ass de Charel Ferring um Haff zu Tandel. Spéider wëll de jonke Mann de Betrib vu sengem Papp iwwerhuelen.

Et ass e fraschtegen Donneschdegmoien. De Charel Ferring studéiert nach, verbréngt awer vill Zäit um Haff vu senger Famill. De Bauer vun 21 Joer féiert mech duerch de Mëllechbetrib. 101 Kéi zielt de Betrib.

"Do ass ganz vill Häerzblutt derbäi, virun allem, wann een als klengt Kand um Betrib war, wann ee bei de Kéi war oder um Trakter matgefuer ass. Dat ass eng Faszinatioun, déi vill Leit ugebueren hunn a wou et net nëmmen ëm de finanziellen Aspekt geet, mee och virun allem ëm d'Leidenschaft an der Natur ze schaffen, mat der Natur ze schaffen an och natierlech den eegene Betrib doheem weider ze entwéckelen, ze verbesseren, op d'Zukunft unzepassen."

Et feelt un Nowuess

An de leschte Jore géif ee leider gesinn, dass d'Zuel u Betriber all Joer erofgeet. Leider misst ee feststellen, dass et ëmmer nees virkënnt, dass keen Nowuess do ass. Fir de jonke Bauer vun 21 Joer ass d'Attraktivitéit vum Beruff, duerch keng fest Pai oder och wéineg Congé, fir vill Jonker einfach net do.

Bei eisem Tuer iwwert den Haff zielt de Charel Ferring mer, dass seng Deeg gäre moies um 5 Auer ufänken, och owes ginn déi 101 Kéi gestrach. Och Chrëschtdag huet ee geschafft.

Christmas-Trakter-Tour a Bauerenhaff an der Stad

Den Interessi un der Landwirtschaft hei am Land ass grouss. Zanter e puer Joer fueren d'Bauere vun der Landjugend mat hiren Trakteren duerch d'ganz Land, vill Famille kucke sech de Spektakel zesummen un. Fir de President vun der Lëtzebuerger Landjugend an de Jongbauere wier et schéin ze gesinn, dass den Interessi um Beruff vum Bauer grouss wier. D'Zil vun der Aktioun wier et opzeklären an d'Passioun ze deelen.

"Fir mech ass et dee schéinste Beruff vun der ganzer Welt an do stinn ech mat Iwwerzeegung dohannert. Et ass einfach déi Mëschung aus allem. Et ass e gewësse Management dohannert, wou een natierlech da kuckt, den eegene Betrib ze verbesseren. Et ass d'Schaffen an der Natur, mam Véi, mat der ganzer Planzewelt."

De Bauerenhaff an der Stad ass dëst Joer nees vum 21. bis de 24. Mäerz bei der Gëlle Fra.

RTL

Bauerenhaff an der Stad am Joer 2022 / © Ketty a Rom Hankes

"D'Attraktivitéit vun der Landwirtschaft muss héich gehale ginn"

An Däitschland gouf et déi lescht Woch grouss Protester vun de Baueren. Fir d'Kolleegen aus der Bundesrepublik hätt een och zu Lëtzebuerg Versteesdemech. D'Situatioun zu Lëtzebuerg wier wäit dovun ewech. Och wann hei net alles perfekt wier.

Fir de Charel Ferring si virun allem déi administrativ Hürden dacks e Problem: "Heiansdo geet een am bürokratesche Wirrwarr ënner! Do kann ee schonn emol d'Motivatioun verléieren."

Problemer duerch Dialog léisen

Als Jongbauere géif ee virun allem op den Dialog setzen: "Mir erhoffen eis, dass an Zukunft e bësse méi praxisno geschafft gëtt, spréch, dass ee vläicht awer eng Kéier méi op de Site kucke geet, ier iergendeng Etüd gefuerdert gëtt, déi kengem eppes bréngt."

Problemer hätten och Geméis- an Uebstbaueren. Et wier net einfach zu Lëtzebuerg Zären autoriséiert ze kréien, respektiv hätt een an de leschte Joren och eng gewësse Waasserproblematik gehat. Hei wier d'Politik gefuerdert, Léisungen ze fannen, dass an Zukunft d'Eegeproduktioun zu Lëtzebuerg kann an d'Luucht goen.

E groussen Deel vun der Aarbecht maachen haut d'Maschinnen

Als Bauer wier et net méi primär eng kierperlech Aarbecht. Am Alldag géif een ëmmer méi vu Maschinnen ënnerstëtzt ginn. Duerch Satellittentechnik kann den Trakter automatesch d'Spuer halen. Duerch all dës Entwécklunge wier et haut net méi onbedéngt deen, deen am meeschte schafft, deen am meeschte verdéngt.

RTL

© Pierre Weimerskirch

Och an den ale Bauerereegele stécht nach eng gewësse Wouerecht

Nach ëmmer kéint ee sech op al Bauerereegele verloossen. Wéini kann ee wat séinen? Nom 1. November géif et zum Beispill näischt méi bréngen, eppes ze séinen, well et meeschtens do ze naass ass. Déi klimatesch Verännerunge géifen do awer villes op d’Kopp geheien. D’Landwirtschaft misst sech upassen: "Et kann een natierlech gewësse Moossnamen treffen, zum Beispill am Akerbau mat manner Waasser schaffen." Hei am Land géife vill Baueren op aner Kulture setzen, déi bei Dréchent méi resistent sinn, esou de President vun de Jongbaueren.

Um Enn vun eisem Tuer iwwert de Familljebetrib zielt de Charel Ferring mer nach, wéi et als jonke Bouf war, wéi seng Liblingskou gestuerwen ass: "Do war ech schonn e puer Deeg extrem traureg." Och haut kann hie beim Laanschtgoe vill Geschichten zielen, seet awer bescheiden: "Mäi Papp kennt se all mat hiren Naupen."