Wou ass eis Lëtzebuerger Sprooch drun?
Virun iwwer 50 Joer, wéi d’Associatioun vu Benevolle gegrënnt gouf, gouf et weder Kueren fir Lëtzebuergesch ze léieren, nach vill Bicher an eiser Sprooch.
Wou ass eis Lëtzebuerger Sprooch drun? Eng Fro, mat där sech d'Actioun Lëtzebuergesch permanent beschäftegt. D’asbl hat e Samschdeg de Mëtteg op hiren Neijoerschpatt invitéiert a sech do zefridden erkläert mat der Entwécklung vum Lëtzebuergeschen.
Virun iwwer 50 Joer, wéi d’Associatioun vu Benevolle gegrënnt gouf, gouf et weder Kueren fir Lëtzebuergesch ze léieren, nach vill Bicher an eiser Sprooch. Annoncen an den Zeitunge waren op franséisch oder däitsch, änlech bei den Uertschaftsnimm. An och kaum een huet sech un d'Schreif-Reegele vum Lëtzebuergeschen erugetraut. Dat ass haut anescht.
Eng rezent Etüd vum Statec weist och, datt zwar de Prozentsaz vun deenen, déi hei am Land lëtzebuergesch schwätzen ofhëlt, mee déi reng Unzuel u Leit, déi d’Sprooch gebrauchen, an d'Luucht geet.
Et wier eng gutt Saach, datt d’Promotioun vum Lëtzebuergeschen ëmmer méi vu Professionelle géif gemaach ginn. Déi hätten och méi Leit a finanziell Méiglechkeeten, fir dat besser ze maachen.