E Sonndeg den Owend si Beamten an der Rue Jean Origer am Garer Quartier zwee verdächteg Männer opgefall.

D'Polizisten haten de Verdacht, datt et sech bei hinnen ëm een Drogendealer an ee Keefer kéint handelen. Et gouf also decidéiert, déi zwee Männer ze kontrolléieren. Als ganz onbegrënnt huet sech de Verdacht net erausgestallt: Beim presuméierte Keefer konnt Heroin séchergestallt ginn.

Am Kader vun enger Sich konnt de presuméierten Drogendealer kuerz Zäit drop och fonnt ginn. Bei der Kontroll huet hien du gesot, datt hien aacht Kugelen Heroin ofgeschléckt hätt. Ee Kierperscan vum presuméierten Dealer konnt seng Ausso kuerz drop confirméieren. Op Uerder vum Parquet gouf de presuméierten Dealer festgeholl an e Méindeg de Moien dem Untersuchungsriichter presentéiert.