Am Mee 2021 ass e Familljesträit zu Schëffleng ausgeaart. E 44 Joer ale Mann ass vu senger deemools 36 Joer aler Schwëster mat engem Kichemesser erstach ginn.
Déi Ugekloten ass virun de Riichter an Tréinen ausgebrach, wou si d’Urteel héieren huet. D’Fra Enn 30 kann nees bei hir Famill, bei hiert Kand. 18 Joer Prisong mat integralem Sursis hunn d’Riichter festgehalen. Et war en iwwerraschend Urteel, wat hannert der Fuerderung vum Parquet général vun 18 Joer Prisong, mat 13 dovunner op Sursis zréckbliwwen ass.
D’Affär geet zréck op den 3. Mee virun dräi Joer. Déi 2 Geschwëster hunn deen Ament nees bei der Mamm gewunnt. D’Stëmmung am Haus war schlecht.
D’Affer soll souwuel déi ugeklot Schwëster, wéi och seng Mamm reegelméisseg schlëmm vernannt hunn. Um Geriicht huet et geheescht, de Mann hätt senger Mamm d’Liewen zur Hell gemaach. Och wier hien handgräiflech géigeniwwer seng Schwëster gewiescht. D’Mamm hat an éischter Instanz ausgesot, reegelrecht Angscht virun hirem eegene Fils gehat ze hunn.
Wat deemools an der Kiche passéiert ass, wou si vun der Aarbecht heemkomm ass, huet déi Ugekloten ni ofgestridden. Et ass eppes, wat se hiert Liewe laang net kéint vergiessen.
Wéi sou dacks, koum et zu engem Sträit tëscht de Geschwëster. Et ass sech gestouss ginn. Den ënnergewiichtege Brudder fält op de Buedem. Et geléngt der Ugekloten, hien do ze halen. Si hätt Angscht virun him gehat, wier a Panik gewiescht, huet si am Appellsprozess ausgesot. Op der Aarbechtsplack krut si dunn e Kichemesser ze packen.
D’Fra stécht hirem Brudder 5 Mol an de Réck. D’Mamm rifft d’Ambulanze, mee all Hëllef kënnt ze spéit.
Dass d’Riichter an dësem Fall vun Ufank u keng liewenslaang Prisongsstrof gesprach hunn, gouf an éischter Instanz och mam onméigleche Verhale vum 44 Joer alen Affer vis-à-vis vu senger Famill begrënnt.
RTL-News: Fra huet hire Brudder ëmbruecht: “Eppes, wat ech mäi Liewe laang net wäert vergiessen”