Autobunn war no Accident ronn 1,5 Stonne gespaart

© CITA
E Méindeg de Moie koum et op der A7 Richtung Stad zu engem Accident tëscht Schieren an der Ausfaart Colmer-Bierg, deemno direkt um Ufank vun der Autobunn.
Eng éischte Kéier stoung d'Meldung um 6.44 Auer am Trafic-Info vum ACL.
Eng Deviatioun gouf via Schieren ageriicht, wat natierlech zu Stau, respektiv Zéifloss an deem Beräich gefouert huet. Um 8.14 Auer koum d'Entwarnung, dass den Accident geraumt wier an all Spueren nees fir den Trafic op wieren.
Am Bulletin vum CGDIS ass ze liesen, dass den Accident géint 6.26 Auer geschitt ass. Et war eng Kollisioun tëscht 2 Autoen. D'Ambulanze Nordstad a Lëntgen waren op der Plaz, grad ewéi d'Pompjeeë vu Colmer-Bierg an aus der Nordstad.
Weider Accidenter
Zu Iechternach ass géint 8.30 Auer eng Persoun ugestouss ginn. D'Pompjeeë vun Iechternach an d'Ambulanz vu Mäertert waren am Asaz.
Géint 9.45 Auer sinn zu Siren zwee Autoen net laanschtenee komm. Och hei gouf eng Persoun verwonnt. D'Ambulanz vum Findel an d'Pompjeeë vun Hesper sinn op d'Plaz geruff ginn.