E Samschdegowend waren d'Pompjeeën an d'Secouriste vum CGDIS zwee Mol wéinst Tëschefäll op eise Stroossen am Asaz.

Kuerz no 17 Auer hat tëscht der Aire de Berchem an dem Gaasperecher Kräiz op der A3 en Auto Feier gefaangen. D'Pompjeeë vu Beetebuerg a Réiser hunn d'Gefier geläscht. Hei ass et beim Materialschued bliwwen.

Ee Blesséierte gouf et dunn allerdéngs, wéi géint 18.20 Auer en Auto an der Escher Strooss zu Hollerech accidentéiert ass. D'Ambulancieren an d'Pompjeeën aus der Stad goufen op d'Plaz geruff.