Zwee Täter klaue Wäertsaache mëttels Gewalt

© RTL Archiv
An der Nuecht op e Sonndeg sinn déi zwee Täter an der Stroossbuerger Strooss op d'Affer duergaangen an hunn dësem Handy a Portmonnie geklaut.
Domadder awer net genuch: Nodeems d'Täter d'Wäertsaache geklaut hunn, gouf d'Affer mat engem Messer menacéiert a gouf opgefuerdert, Geld opzehiewen. Nodeems dëst geschitt war, sinn déi 2 fortgelaf. Ermëttlunge goufen ageleet.
Der Police goufen dann och an de leschte Stonnen eng Partie Abréch gemellt, dat ënnert anerem e Sonndeg an der Rue de la Fontaine zu Platen am Préizerdaul. Wéi d'Police mellt, ass den Täter an d'Haus erakomm, nodeems hien eng Fënster futti geschloen huet.
An der Nuecht op e Méindeg gouf et dann nach en Abroch an en Etablissement an der Avenue John F Kennedy gemellt. Hei soll den Täter eng Dier opgebrach hunn. A béide Fäll lafen d'Ermëttlungen.