Steve Faber: "Hätt ech deemools näischt ënnerholl, wier ech haut net méi do"
Den Aha-Moment koum viru knapp fënnef Joer. De Steve Faber war deemools staark drogenofhängeg an huet op der Strooss gelieft.
"Ech souzt an der Stad um Buedem an hu geheescht. E friemen Här ass laanscht gaangen an huet net einfach ewech gekuckt, mee mat mir geschwat. Hien huet mir Mutt zougeschwat. Dat huet eppes bei mir bewierkt. Den Dag drop, sinn ech an de Service Para-Chute gaangen, an hunn no Hëllef gefrot", beschreift de Steve Faber den Ament, dee säi Liewe verännert huet. Haut ass de 45 Joer alen Ex-Drogekonsument clean, huet eng Aarbecht, eng eege Wunneng an erëm Kontakt mat der Famill. "Et brauch ee Motivatioun, mee awer och Leit, déi un ee gleewen", sou de Steve Faber.
No engem Entzuch an der Klinik an enger Therapie an Däitschland koum hien am August 2020 op Schëndels an de Post-Therapie-Zentrum vun der Stëmm vun der Strooss. Hei huet hien de Wee nees zeréck an d'Liewe fonnt. "Et muss ee sech druginn, sech u Reegelen halen, a sech all Dag bewosst sinn, datt de Kampf nach net eriwwer ass."
Laut dem leschten nationalen Droge-Rapport (Relis 2022) leiden zu Lëtzebuerg méi wéi 2.000 Betraffener un enger Drogesucht. Vill vun hinne konsuméiere Joren um Stéck. A Saachen Drogentherapie huet Lëtzebuerg awer keng grouss Offer: Wéineg Better a laang Waardelëschten. Dacks gi Betraffener an Therapien am Ausland – a munche Fäll och fir méi anonym ze bleiwen.
De *Mika (Pseudonym) huet zejoert am August een anere Wee ageschloen. No méi wéi 20 Jore Kokain-Konsum an zwou Prisongsstrofen huet hien eng Drogentherapie am CHNP-Zentrum zu Manternach ugefaangen. E grousse Wendepunkt a sengem Liewen.
"Ech soe mir all Dag, haut ass nach een Dag. Haut muss ech et packen, clean ze bleiwen. Wäit an d'Zukunft denken, ass net realistesch. Meng Motivatioun ass haut méi grouss, wéi d'Loscht ze konsuméieren. Ech weess awer net, wéi et muer wäert sinn", sou de Mika.