36 Stonnen, nodeems d’Pompjeeë wéinst engem Brand am Gemengenhaus zu Jonglënster alarméiert goufen, ass d’Feier geläscht. Um 13 Auer e Samschdeg de Mëtteg goufen d’Mesurë vum CGDIS op der Plaz opgehuewen an den Asaz ass eriwwer, sou de CGDIS an engem Schreiwes.
Wéi et weider heescht, hätten e Freideg den Owend 90 Pompjeeën d’Situatioun op der Plaz stabiliséieren, ma ouni awer d’Feier läschen ze kënnen. Duerch de Brand wieren Deeler vum Gebai an de Koup gefall an dofir wier een net un all d’Brandnäschter am Archiv vun der Gemeng komm.
An der Nuecht op e Samschdeg wier eng Ekipp vun 20 Leit op der Plaz bliwwen, fir en nees Opflame vum Brand ze verhënneren. E Samschdeg de Moien hätt een du mat Hëllef vun engem Bagger d’Iwwerreschter vum Gebai weider ausernee geholl an déi lescht waarm Plazen hätte kënne geläscht ginn, sou de CGDIS weider.
Am Ganze waren 130 fräiwëlleg a professionell Pompjeeën un dësem komplexen Asaz bedeelegt. Ënnerstëtzt goufe si vum Operational Technology Support Group mat enger spezialiséierter Dron an dem Logistic Support Center.