Nom Feier an der Jonglënster Gemeng sinn de Populatiounsbüro, de Schoulservice, den Taxebüro an d'Recette an d'Gebai vun der aler Gemeng geplënnert.

Dat deelt d'Gemeng Jonglënster op hirem Internetsite mat. Carte d‘identitéen oder Päss kënnen aktuell awer nach keng gemaach ginn. D'Gemeng freet d'Populatioun dann och just fir Urgencen op d‘`'Gemeng ze kommen an esou vill wéi méiglech op Online-Servicer zeréckzegräifen.

Wéi geet et nom Brand weider
Déi "nei Gemeng" zu Jonglënster, dat war en historescht Bauerenhaus an eng al Scheier, déi bis 2006 opwänneg restauréiert goufen, a mat zwou modernen Annexe komplettéiert goufen. Gebrannt hat et e Freideg virun allem am mëttelsten Deel. Wéi de Buergermeeschter Ben Ries (DP) RTL géintiwwer confirméiert huet, ass déi al Scheier esou baufälleg, dass se net méi ze retten ass. Si sollt eigentlech och esou séier wéi méiglech ofgerappt ginn. Fir d'Aarbecht vun den Experten net ze behënneren, bleift d'Scheier awer elo bis op Weideres stoen.

D’Flamen haten och op den Daachstull vum historesche Bauerenhaus iwwergegraff. Och deen Daach muss komplett ersat ginn – virausgesat d'Mauere vum Bauerenhaus hunn duerch d'Läschwaasser net ze vill gelidden. D’Gemeng waart nach op déi lescht Expertis vun de Statiker an den Assurancen, fir eng Decisioun ze huelen, ob d’Bauerenhaus sanéiert ka ginn, oder och ofgerappt muss ginn. Dat selwecht gëllt och fir déi modern Annex lénks nieft der Scheier. Och wann deen Deel vun der Gemeng vu baussen nach zimmlech intakt ausgesäit, gouf et hei vill Schued: Läschwaasser ass eragelaf, an d’Isolatioun an de Maueren huet gebrannt. Déi zweet Annex – hannert den historesche Gebaier – blouf vum Feier verschount.

RTL

© Domingos Oliveira

An der aler Scheier ware grouss Deeler vum Gemengenarchiv ënnerbruecht. E Freideg gouf gefaart, dass wichteg Dokumenter fir ëmmer verluer wieren. Hei konnt de Buergermeeschter Ben Ries awer deelweis Entwarnung ginn. Och wann hien nach en detailléierten Inventaire ofwaarde muss, géif et am Moment gutt ausgesinn. Effektiv sinn d’Ënnerlagen am ieweschten Deel vun der Scheier komplett verbrannt. D’Dokumenter, déi am ënneschten Deel vun der Scheier louchen, wieren dogéint nëmmen naass ginn. A béide Fäll géif et sech awer éischter ëm intern Ënnerlagen handele wéi Personaldossiere vu Leit, déi net méi bei der Gemeng schaffen, oder al Rechnungen – respektiv Dokumenter, déi schonn digitaliséiert waren. Méi wichteg Dokumenter, wéi notariell Verträg, oder Gebuerts- an Hochzäitsakten, louchen gréisstendeels an aneren Deeler vun der Gemeng a goufen net Affer vun de Flamen.

D’Policeenquête iwwert d’Brandursaachen ass nach net ofgeschloss.

Reaktioun vum Mouvement Patrimonial

Als Reaktioun op dësen Artikel huet de Mouvement Patrimonial op de sozialen Netzwierker gefuerdert, dass d'Haapthaus stoe bleiwe soll, an d'Scheier erëm identesch rekonstruéiert muss ginn. De Jonglënster Buergermeeschter präziséiert doroppshin, dass erëm alles zeréckgebaut géif ginn, wéi et virum Brand existéiert huet.