Sief et an der Belsch, an Däitschland oder a Frankräich, an eisen Nopeschlänner demonstréieren den Ament d'Baueren op de Stroossen.

Zu Lëtzebuerg ass et bis elo dogéint roueg bliwwen. Dat heescht awer net, datt et am Agrarsecteur hei am Land keng Problemer gëtt.

De Marc Hoscheid am Gespréich mam Guy Feyder

Et ass ganz kloer een Drock ze spieren, esou de President vun der Chambre d'agriculture Guy Feyder. Mee well ee grouss Erwaardungen un déi nei Landwirtschaftsministesch Martine Hansen an de Landwirtschaftsdësch Ufank Mäerz hätt, géing een nach op Protester verzichten. Ma déi finanziell Situatioun wier awer net evident.

Guy Feyder:"D'Präisser sinn ee gutt Stéck zeréckgaangen, notamment bei der Mëllech, awer och beim Rëndsfleesch ass et net méi grad sou héich. Wat Problemer schaaft, ass, datt d'Käschte nach wie vor betount héich bliwwe sinn, wat derzou féiert, datt d'Marge bénéficiaire rëm ganz enk sinn. Dat erschaaft een Drock, deen ee virdrun oft kannt huet, och wann d'Präisser wuel méi héich sinn, mee et gëtt oft vergiess an der Ëffentlechkeet, datt och d'Käschte ganz héich sinn, wéi iwwregens a villen anere Secteuren och. Dat hänkt jo kloer un der Energie, awer och d'Lounkäschte si ganz héich."

Déi héich Energiepräisser géingen och zum Beispill d'Käschte vum Fuddermëttel an d'Luucht dreiwen. Déi Lëtzebuerger Baueren deelen dann och d'Kritik vun de belschen Noperen, datt ee par Rapport zu Liewensmëttelproduzenten aus Net-EU-Länner am Nodeel wier.

"Wat eben net geet, ass, datt ee stänneg, stänneg, stänneg Ëmweltoplagen, notamment Ëmweltoplagen awer och Qualitéitsnormen an d'Luucht schrauft, a Chargen erzeugt, déi et anerwäerts net esou gëtt. Wou et gemeinsam Reegele musse ginn, do musse se och alleguer applizéiert ginn an net nëmmen déi, déi Contrainte maache fir eis Betriber an domadder Concurrence déloyale schafen."

Datt d'Konsumenten déi méi bëlleg Produiten aus dem Ausland deene lokalen deelweis virzéien, kéint een hinnen net virwerfen. Et géing zwar een Trend hin zu Produiten aus der Regioun ginn, mee d'Ënnerstëtzung vun de lokale Produzenten hätt finanziell Grenzen. Kruzial fir d'Zukunft vun der Landwirtschaft zu Lëtzebuerg wier d'Fro, ob een de Betriber erlaabt, weider ze wuessen oder de Véibestand gedeckelt gëtt. Sollt eng Grenz no uewe gesat ginn. Déi Betriber, déi nach do sinn, hätte just iwwerlieft, well se Betriber, déi opgehalen hunn, iwwerholl hunn. Wann dat net méi méiglech sollt sinn, wier dat den Doudesstouss fir de Secteur.

Datt Betriber ophalen, läit dacks dorunner, datt kee Successeur do ass, respektiv sech keent vun de Kanner bereet erkläert, weiderzefueren. De Guy Feyder huet dräi Duechteren, déi deels am Betrib hëllefen. Ma ob eent vun hinnen de Betrib spéider iwwerhuele wëllt, ass nach net gewosst. Ob hien de Betrib engem Friemen, beispillsweis engem Quereinsteiger, iwwerloosse géing, wa keent vu senge Meedercher dozou bereet wier, doriwwer hätt hie sech nach keng Gedanke gemaach, esou de Guy Feyder.