Bei der Police gouf et jo e Mëttwoch den Owend en Ausfall vun der Noutruffnummer 113. Wat ass geschitt a wéi een Impakt hat dat op hir Aarbecht.

Grond dofir, esou d'Police op eis Nofro hin, wier en technesche Problem gewiescht, ouni allerdéngs Detailer ze nennen.

Kuerz no 21 Auer hat d'Police e Mëttwoch den Owend an engem Schreiwes Entwarnung ginn, den technesche Probleem gouf geléist a war nees iwwert den 113 erreechbar.

Hei stellt sech natierlech d'Fro, op dëst net e gréisseren Impakt op d'Aarbecht vun der Police gehat huet. Säitens der Police selwer gëtt preziséiert, dass d'Beamten um Terrain iwwert den temporären Ausfall vun der Noutruffnummer informéiert waren. Et betount een och nach eemol kloer, dass iwwert d'Dauer vun der Pann d'Bierger effektiv d'Nummer vum 113 net erreeche konnten.

Wann et en Noutfall gouf, konnt een awer den 112 vum CGDIS uruffen, deen wärend der ganzer Zäit vun der Pann operationell war, eppes wat d'Police och kommunizéiert hat. Den 112 stoung a permanentem Kontakt mam Centre d’intervention national, wou d’Noutriff, déi beim 113 aginn, traitéiert ginn. D’Police konnt esou op d’Noutriff reagéieren.
Weider heescht et, dass souguer intern Nummeren eng Zäit net z'erreeche waren, sou dass hätt missen op Alternativen, wéi de Funk oder Smartphone, zeréckgegraff ginn.

De Problem selwer géif elo weider analyséiert ginn, fir esou op sou Tëschefäll preparéiert ze sinn an et och wa méiglech an Zukunft kënnen ze verhënneren.