Drogen an illegal Waffe saiséiert

An der Nuecht op den 2. Februar war enger Patrull vun der Police zwou Persounen an engem Auto an der Rue du Puits Romain zu Bartreng opgefall.
Dës hate sech d'Gesiichter maskéiert, wéi si aus dem Auto geklomme sinn. D'Poliziste konnte si onmëttelbar nom Erausklamme stoppen.
Am Gefier hunn d'Beamten ënner anerem en Tournevis, Händschen an en hallwen Joint fonnt. De Chauffer huet zouginn, ënnert dem Afloss vun Drogen ze stoen, huet sech awer geweigert, en Drogentest ze maachen. Doropshi gouf säi Führerschäin agezunn.
Wéi béid Männer duerchsicht goufen, konnten d'Beamten dunn nach Haschisch beim Chauffer sécherstellen. Op Uerder vum Parquet gouf säin Handy saiséiert an et gouf eng Perquisitioun op senger Adress gemaach. Bei dëser goufen da gréisser Quantitéiten Haschisch a Marihuana, eng Prezisiounswo, Suen, eng Partie Handyen, Dietrichen, e Baseballschléier an e Katana-Säbel fonnt a saiséiert.
De Verdächtege gouf op Uerder vum Parquet verhaft.