"De Choix zum Infirmier huet mir nach keng Sekonn leed gedoen"
De Bob Kirfel schafft zanter iwwer 15 Joer als Infirmier-Anästhesist an den Urgencë vun der Intensivstatioun an der Kannerklinik vum CHL.
Ech hunn hien am CHL getraff a mech mat him iwwert säin Alldag, seng Erfarungen an d'Zukunft vum Infirmiersberuff ënnerhalen.
Biologie an Anatomie hunn de Bob Kirfel vu Klengem un interesséiert. No der 9ième Technique stoung du fir de jonke Mann fest: "Ech ginn op d'Sektioun Paramédicale". No 3 Joer Infirmièresschoul huet de Bob dann nach eng Spezialisatioun an der Anästhesie gemaach. Dat waren nach emol 2 Joer Schoul.
Zanter 2008 an der Kannerklinik am Asaz
"D'Rea Pédiatrique vum CHL war de Startschoss fir mech", seet de Bob Kirfel an eisem Gespréich. An déi Richtung wollt hie sech orientéieren. Geduecht, gemaach. Zanter Abrëll 2008 schafft de Bob Kirfel an der Kannerklinik. "Datt e Kand op eemol kritesch krank gëtt, ass an de Käpp vun de Leit net den typesche Verlaf. Et verbënnt ee krank ginn, stierweskrank ginn, éischter mam Alter, mat al ginn.", erkläert den Infirmier–Anästhesiste weider.
"Elementar wichteg ass de Kontakt zur Famill, zu den Elteren", ënnersträicht de Vollbluttinfirmier. Zemools wann d'Kand bis an d’Kannerklinik muss kommen.
D'Eltere kënne 24 Stonnen op 24 bei hirem Kand sinn
Wann e Kand bis op der Intensivstatioun läit, ass et wichteg, datt d'Eltere kënne bei hirem kranke Kand bleiwen. Dat ass an den Ae vum Bob Kirfel e ganz wichtegt Puzzelstéck an der Betreiung vum concernéierte Kand. Eng pluridisziplinär Ekipp këmmert sech ëm de Patient. Fir den Infirmier ass dëst e weidert wichtegt Element. "Global si mir do op engem gudde Wee", fënnt de Bob. "Sech an der Ekipp austauschen, matenee schwätzen, Entscheedungen treffen. Zesumme mat den Dokteren, enger Assistante sociale oder enger Psychologin. Dat ass wichteg", erkläert den erfuerenen Infirmier.
Akzeptéieren, datt e Kand stierwe kann
Als Professionelle géif een ëmmer versichen, dat bescht fir dat krankt Kand ze maachen. Leider hätt een awer net ëmmer op alles en Afloss, sou de Bob Kirfel. "Et ass net heefeg, mä et kënnt scho mol vir, dass e Kand stierft". Da géif et drëms goen, d'Famill z'encadréieren a fir si do ze sinn.
Intensiv–Tagebuch
2017 gouf an der Kannerklinik en "Tagebuch" agefouert. Eltere, Kanner, Gesëschter kënne sech mat Hëllef vun dësem Outil matdeelen. "'T'ass hiert Tagebuch", seet de Bob Kirfel. Et gëllt, d'Andréck op enger Intensivstatioun als Famill an als Patient ze verschaffen. "Ouni dobäi vill schwätzen ze mussen", sou de Bob Kirfel weider.
Dacks kéimen Elteren no engem traumateschen Erliefnis mat deem Tagebuch zréck, fir zesumme mat engem Psycholog dat Erlieften ze verschaffen.
D'Bronchiolitte waren 2022 der Pediatrie hir Pandemie
Fir de Bob Kirfel war 2022 e schwieregt Joer. "Dräi an en hallwe Mount war et sauer. An den Urgencen hate mir zu Spëtzenzäiten eng 260 Passagen den Dag. D'Kanner waren otemméisseg net an Héchstform. Vill goufen der hospitaliséiert. Vill Kanner hunn Otemweehëllef gebraucht." Sou beschreift den Infirmier d'Bronchiolitte-Well am Joer 2022.
Penurie un neiem Personal
Et feelt u jonke Leit, déi bereet wären, an de Beruff vum Infirmier respektiv der Infirmière ze goen. Dat géif ee feststellen, fënnt de Bob Kirfel. U wat et leie géif, wär net ze soen. "Mir rekrutéieren nach vill Leit aus dem Ausland, mä deen Echantillon ass net onendlech grouss. Nëmmen Akademiker ze hunn ass net gutt. Et brauch een eng gesond Mëschung aus verschiddene Sparten a Spezialisatiounen", erkläert hie weider.
E kritesche Moment op der Intensivstatioun
Een Erliefnis, dat dem Bob besonnesch am Gediechtnes bliwwen ass, war, wéi e jonke Patient mat engem schwéiere Gehiertrauma iwwerlieft huet: "Vun engem bestëmmte Moment un, hu mir festgestallt, dass de Patient amgaangen ass, ze recuperéieren. E Wow-Effekt ass duerch d'Ekipp gaangen", beschreift hien dat Erliefnis. D'Zesummenaarbecht mat den Eltere wär super gewiescht an dee Jugendlechen hätt op beandrockend Manéier recuperéiert.
En neit berufflech Kapitel waart op de Bob
No bal 16 Joer op der Intensivstatioun vun der Kannerklinik wiesselt de Papp vun 3 Kanner elo d'Aarbecht. Bei al Leit op Veianen geet de Familljepapp an Zukunft schaffen. "Ech brauch e Changement", äntwert hie kuerz a knapp op meng Fro, firwat hie sech fir e beruffleche Wiessel decidéiert huet. "An der Geriatrie soll een d'Leit do ofhuelen, wou si selwer stinn", sou de Bob weider.
Den 28. Februar ass de leschte Schaffdag fir de Bob Kirfel an der Kannerklinik vum CHL. Déi ganz Joren, déi hien zesumme mat senger Ekipp verbrénge konnt, wäert den Infirmier–Anästhesist a gudder Erënnerung behalen. Et wär eng spannend a flott Zäit gewiescht. Elo wär de Moment komm, fir en neit Kapitel unzefänken.