Background am Gespréich (20. Dezember)Projet Alpha: Bis 2030 soll och de Secondaire ugepasst ginn

Maxime Gillen
Céline Eischen
D'Presidentin vun der Enseignantsgewerkschaft SEW, den Direkter vum SCRIPT an e Member vum Conseil scientific zum Projet Alpha waren an der Emissioun Background am Gespréich invitéiert.
Background am Gespréich mam Joëlle Damé, Luc Weis an Antoine Fischbach
Eng Stonn, fir hannert d’Kulissen ze kucken.

Vum nächste Schouljoer u kënnen d‘Kanner zu Lëtzebuerg entweder wéi bis ewell op Däitsch liesen a schreiwen léieren oder awer op Franséisch. Wéi eng Kanner wäerten dovu profitéieren? Wat sinn déi éischt Erfarungen aus dem Pilotprojet? A wat sinn d‘Erausfuerderunge fir d‘Enseignanten?

Mam Projet Alpha wëll d’Regierung de Schoulsystem méi gerecht maachen an der diverser Populatioun vum Grand-Duché upassen. Iwwer d’Chancen awer och iwwer d’Erausfuerderunge vun dësem Projet gouf an eiser Emissioun Background am Gespréich diskutéiert. Invitéiert waren d’Joëlle Damé, Presidentin vun der Enseignantsgewerkschaft SEW, de Luc Weis, Direkter vum SCRIPT, an den Antoine Fischbach, Member vum Conseil scientifique zum Projet Alpha.

Eise Schoulsystem wéi en elo ass, ass ongerecht. Do ware sech déi dräi Invitéen eens: Bei de Kanner, déi doheem kee Lëtzebuergesch schwätzen, ass d’Warscheinlechkeet fir eng manner gutt Performance an der Schoul vill méi héich, esou de Luc Weis.

“Dräi vu véier portugisesche Kanner erreechen de Minimum net, de Sockel am Däitschen net, an d’Hallschent vun deene Kanner erreeche se an der Mathé net. Dat ass awer och ee Grond, firwat d’Enseignantë sech onwuel spieren an hire Klassen, wa se gesinn, dass se e Cours halen, dass se sech immens vill virbereeden, an dass se awer just bei engem Véierel oder bei der Hallschent vun de Kanner wierklech déi Potenzialer erreechen, déi z’erreeche sinn.”

Genee hei géif de Projet Alpha usetzen. D’Enseignantë géifen net just d’Kompetenze vum Kand kucken, mee och d’Ëmfeld doheem. An opgrond dovunner eng Recommandatioun fir eng vun den zwou Alphabetiséierungssprooche maachen. D’Daten aus dem Pilotprojet hätte gewisen, datt de Kanner eng Alphabetiséierung an enger Sprooch, déi hinne méi no läit, ze gutt kënnt, esou den Antoine Fischbach.

Wat mech perséinlech och immens frappéiert huet, dat war Kanner ze gesinn an all deene Schoulen, an all deene Klassen, déi einfach alleguerten aktivéiert waren. Dass se wierklech matschaffen, dass ee mierkt, se sinn dobäi, dass ee mierkt, se sinn net ofgehaangen. An ech hunn an deene leschten zéng, fofzéng Joer ganz vill ugoend Enseignanten an hiren Temps de terrain begleet. An dat ass eppes, dat kennt een esou net.

Fir d’Joelle Damé, Presidentin vun der Enseignants-Gewerkschaft SEW, hätt mam Projet Alpha ee Konzept vun der Spillschoul bis Première missten ausgeschafft ginn. Et kéint een nämlech trotz Pilotprojet nach net soen, wéi den däitsch Niveau vun de Kanner, déi op Franséisch alphabetiséiert ginn, am Cycle 4 wäert sinn. Dat kéint Konsequenze fir d’Orientatioun vun de Kanner fir an de Lycée hunn.

Et geet jo net duer, dass mer de Kanner elo d’Chance ginn, datt se an enger Sprooch liesen a schreiwe léieren, déi hinne méi no läit. Mä dat ka jo awer net sinn, dass mer dann zum Schluss vum Cycle 4 soen, jo et deet eis Leed, mee d’Admissiounskrittäre bleiwen déi selwecht, et ännert sech näischt, du gees dann elo awer op de General oder op d’Voie de préparation, also do muss nogebessert ginn, et hätt missen e Konzept vum Cycle 1 bis Première gemaach ginn.

De Luc Weis huet doropshin annoncéiert, datt ee fir 2030 de Secondaire wéilt an dëse Krittären upassen.

“De Plang ass deen, dass mer elo déi nächst zwee Joer wäerten eng breet Consultatioun um Terrain maachen. Mir wäerte froe goen, wéi musse Programmer am Secondaire ugepasst ginn. Dat hu mer virdrun am Fondamental gemaach, do hu mer zwee Joer laang consultéiert, wéi d’Programmer mussen ugepasst ginn. Dat maache mer elo am Secondaire. Dat heescht, 2028 wäerte mer do e Cadre curriculaire virleien hunn an dann hu mer am Fondamental zwee Joer gebraucht, fir deen ëmzesetzen. A mir denken och, dass mer zwee Joer am Secondaire duerno brauchen, fir dee Kader ëmzesetzen, sou datt mer 2030 am Prinzip prett sinn.”

D’Joelle Damé huet dann och nach ze bedenke ginn, datt d’Ëmsetzung vum Projet Alpha um Terrain géif schwiereg ginn. Do hätt besser sollte kommunizéiert ginn an d’Schoule sollten och méi Mëttel zur Verfügung gestallt kréien, fir den Projet ze realiséieren.

“Do ass déi ganz grouss Suerg um Terrain, mir kommen elo scho knapps iwwert d’Ronnen. An dat wat ech soen, dat ass net einfach Genörgels vun de Gewerkschaften, dat seet den OJQS a sengem Rapport. E seet souguer explizitt, dat ass den Observatoire vun der Qualité scolaire, dee seet explizitt a sengem Rapport, wann de Projet Alpha ëmgesat gëtt, spéitstens da musse mer kucken, fir un de Contingent schrauwen ze goen.

Lauschtert hei nach eemol déi ganz Emissioun “Background” vum 20. Dezember 2025

“Background am Gespréich” leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d’Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik “Radio” bei Emissiounen “Background” wielen.

Back to Top
CIM LOGO