Dikrech
Persoun festgeholl no Abroch um Dënschdeg, vun 2 Noperen erwëscht

Um fréien Dënschdeg am Nomëtteg gouf der Police un der Promenade de la Sûre zu Dikrech en Abriecher gemellt.
Hie war fortgelaf, wéi en 2 Nopere bemierkt huet, ma ass du gefall a gouf vun den Nopere festgehalen. Hien hat um Mëttwoch Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.
Och agebrach gouf an der Nuecht op Vältesdag an eng Tankstell an der Areler Strooss zu Uewerpallen. Hei goufen Tubaksproduiten a Bijoue geklaut. D'Enquête leeft.
E weideren Abroch gouf et an e Café an der Rue de la Gare zu Lëntgen, wou d'Täter duerch d'Fënster erageklomme sinn. Geklaut goufen d'Suen aus engem Spillautomat.
Am meeschte gelies