Weder Vott nach Stellungnam vum ConcernéiertenProActif-Verwaltungsrot steet net integral hannert der Decisioun vum President

Jean-Marc Sturm
Monique Kater
D'Entloossung vum Direkter François Georges war e Freideg Sujet am Verwaltungsrot vun der Beschäftegungsinitiativ.

Amplaz vun engem Vott goufen d’Membere vum Conseil vu ProActif just iwwer d’Entloossung vum Direkter an d’Bild gesat. Eng Partie Membere stinn net hannert der Decisioun vum President, soe sech mat der Prozedur net averstanen a froen, de Concernéierten ze héieren. De 5. Februar hat de François Georges, Direkter vu ProActif, e Schreiwes an der Boîte, dat hien iwwer seng Entloossung informéiert huet. Eng Decisioun, déi eleng de President vum Verwaltungsrot, Norbert Conter, geholl huet, ouni also de Verwaltungsrot vun der Beschäftegungsinitiativ ofstëmmen ze loossen.

Deen een hätt deen aneren an där enger oder anerer Form agresséiert, heescht et e Freideg vu béide Säiten. D’Reprochë gi vu Vertrauensverloscht bis bei Mobbing. Am Feeler, weess kee sech – an obschonns de President seet, hie géif nach eng klinzeg Hannerdier oploossen, schéngt d’Situatioun ze vill verfuer. Et bleiwe méi Froen opstoe wéi et kloer Äntwerte gëtt.

ProActif
D’Entloossung vum Direkter François Georges war e Freideg Sujet am Verwaltungsrot vun der Beschäftegungsinitiativ.

De François Georges ass zënter 2019 Direkter vu ProActif. Mat him wier schwéier schaffe gewiescht, seet de President Norbert Conter, dee senger Meenung no net genuch iwwer alles informéiert gi wier.

Extrait Norbert Conter

De licenciéierten Direkter Georges zitt säi Bilan vu senger Aarbecht a schwätzt vu Moderniséierung.

Extrait François Georges

Probleemer bei der Gouvernance?

Et schéngt sech ëm Problemer bei der Gouvernance gehandelt ze hunn. An et wier net fir d’éischt gewiescht, dass de François Georges bei der Gestioun de Wee Richtung Kapitalgesellschaft ageschloen huet, woubäi de Verwaltungsrot ProActif an éischter Linn als sozial Initiativ gesäit an als Prioritéit huet, Leit mat diverse Problemer op den éischten Aarbechtsmaart ze kréien.

Aus Divergenze bei der Gouvernance gouf een handfeste Sträit tëscht dem Direkter Georges an dem President Conter. Ee Sträit, deen ausgeaart ass bis un de Rand vu physescher Gewalt, esou den Norbert Conter:

“Do ass sech dann do esou echaufféiert ginn, dass de François Georges opgestanen ass, dass hie mech agresséiert huet.” Véier Leit wieren dertëschentgaangen.

Den Norbert Conter hat op alle Fall d’Impressioun, dass de François Georges un hie wollt goen. Wat d’Entloossung betrëfft, war et nach déi heite Prezisioun, dass et kee Licenciement immédiat ass, mä mat Preavis.

Et wëll ee bei ProActif awer och nach kucken, ob et an der Vergaangenheet net weider Fäll gëtt, an deenen de geschassten Direkter laanscht de Verwaltungsrot gehandelt huet, esou de President vum Conseil. Dee sot och, dass ee gewëllt ass, “zur gläicher Zäit ze kucken, mam Affekot vum François [Georges], op do eng Méiglechkeet ass oder net.

RTL-Artikel vum 15. Februar 2024: Wéi eng Roll spillen d’Sozialwalen? Decisioun iwwert d’Entloossung vum ProActif-Direkter fält e Freideg

PDF: De Bréif vum Maître Bauler

Back to Top
CIM LOGO