
Un der Spëtzt vun der Redaktioun vun RTL Lëtzebuerg (Radio, Tëlee an Internet) kënnegt sech e Wiessel un: De Guy Weber, Directeur de l’information zënter 2017, geet Enn Juni an d’Pensioun.

Seng Nofolleg iwwerhëlt de Luc Marteling, deen am Mee nees bei RTL ufänkt.
Vun 2008 bis 2019 huet hien ewell fir RTL.lu geschafft, éier hien Direkter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch ginn ass.