
D'Studentefoire feiert dëst Joer e besonnesche Jubiläum: Fir déi 40. Editioun gëtt net nëmmen de Site geännert, mee och d'Konzept ausgebaut.
No verschiddenen Editiounen um Universitéitscampus um Belval plënnert d'Studentefoire an d'Coque. Organiséiert gëtt d'Foire vum Ministère fir Fuerschung a Héichschoulbildung an enker Zesummenaarbecht mat der ACEL, der Associatioun vun de Lëtzebuerger Studenteveräiner.
Am Mëttelpunkt stinn zwar weiderhin d'Studieméiglechkeeten zu Lëtzebuerg an am Ausland, mee d'Offer gëtt dëst Joer erweidert. Nieft den Héichschoulstudie ginn och berufflech Perspektiven, Jugendengagement an déi perséinlech Entwécklung vu jonke Leit méi staark thematiséiert.
Méi wéi 180 Aussteller aus 17 verschiddene Länner wäerten den 29. an den 30. Oktober op der Foire vertruede sinn. D'Visiteure kënne sech iwwer véier grouss Themeberäicher informéieren: "Studien zu Lëtzebuerg", "International Studien", "Jugendengagement" an "Aarbechtswelt".
Nieft Universitéiten an Héichschoulen aus dem In- an Ausland sinn och Studenteveräiner, Associatiounen, Beruffsfederatiounen, Entreprisen an Organisatiounen dobäi, déi Méiglechkeete fir den Engagement a verschiddene Beräicher ubidden.
D'Zil vun der Foire ass et, jonke Leit eng ëmfaassend Orientéierung ze bidden. Si sollen net nëmmen Informatiounen iwwer verschidde Studie-Richtunge kréien, mee och iwwer Beruffer, Karriärsméiglechkeeten an déi vill Weeër, wéi si hire perséinlechen a beruffleche Parcours opbaue kënnen.
Wärend deenen zwee Deeg hu Schüler, zukünfteg Studenten, Elteren an all aner Interesséiert d'Méiglechkeet, direkt mat den Aussteller an den Austausch ze goen, Froen ze stellen a personaliséiert Berodunge fir hir Zukunftspläng ze kréien.
Ausserdeem wäerten och d'Servicer vum Ministère fir Fuerschung a Héichschoulbildung op der Plaz sinn. De Service Information Études Supérieures an de Service Aides Financières stinn de Visiteuren zur Verfügung, fir Informatiounen iwwer Studien, Aschreiwungsprozeduren an déi staatlech Studiebäihëllefen ze ginn.
Donneschdeg, den 29. Oktober 2026: vun 9.00 bis 18.00 Auer
Freideg, den 30. Oktober 2026: vun 9.00 bis 16.00 Auer
Den Accès op d'Studentefoire ass gratis a keng Umeldung ass néideg.
Weider Informatioune gëtt et op: www.studentefoire.lu.