De Jean-Paul Olinger gëtt neien Direkter vun der Steierverwaltung

© Xavier Descamps / RTL
De Premier Luc Frieden huet e Mëttwoch am Nomëtteg de Point virun der Press gemaach a vun engem schwierege geopolitesche Kontext geschwat.
D'Regierung géif d'Ukrain och an Zukunft politesch, militäresch, finanziell an humanitär ënnerstëtzen. D'Ukrainer géife fir d'Fräiheet an och fir d'Wäerter kämpfen. De russeschen Ambassadeur wier vun der Regierung abestallt ginn, fir him mat op de Wee ze ginn, dass den Doud vum Alexej Nawalny an aller Transparenz misst opgekläert ginn.
Krich an der Gazasträif
D'Lëtzebuerger Regierung wier fir eng Wafferou an der Gazasträif a fuerdert och eng direkt Fräiloossung vun alle Geisele vun der Hamas.
Lëtzebuerg géif weider un enger Zweestaateléisung festhalen, och wann dat kuerzfristeg net realistesch wier. Elo misst een humanitär Hëllef leeschten.
Fir Leit aus dem Gaza géif den nämmlechte Regroupement familiale gëllen. Lëtzebuerg hätt keng Méiglechkeet, zousätzlech Leit aus Gaza opzehuelen, esou de Luc Frieden. Eng 200 Ufroe géif et ginn, mee déi géifen net de Krittären entspriechen.
Länger Diskussiounen iwwer de Budget
De 6. Mäerz deposéiert de Finanzminister Gilles Roth de Budget an der Chamber.
Et wier e Budget, deen an engem schwierege wirtschaftleche Kontext misst ficeléiert ginn.
Fir 2024 géif zwar erëm mat engem Wuesstem vun 2 Prozent gerechent, et wier eng besser Situatioun wéi zejoert, mä et wier nach ëmmer manner wéi een dat zu Lëtzebuerg gewinnt ass. D'Inflatioun soll an der Géigend vun 2,5 Prozent leien.
De Luc Frieden huet op en Neits ënnerstrach, wéi wichteg et ass, datt Lëtzebuerg säin Triple A behält an d'Maastricht Krittäre respektéiert.
D'Staatsschold soll dëst Joer net iwwer 27 Prozent klammen.
Nominatiounen am Corps diplomatique
Den Nicolas Mackel gëtt neien europäeschen Ambassadeur, d'Sylvie Lucas Ambassadrice zu Berlin.
Da kritt d'Kooperatioun en neien Direkter mam Georges Ternes. De Christophe Schiltz, deen dat bis elo war, gëtt Ambassadeur zu Roum.
Den Direkter vun der UEL Jean-Paul Olinger gëtt neien Direkter vun der Steierverwaltung. Dat gouf dann och am Regierungsrot decidéiert.
D'Pascale Toussing hat hiert Mandat trotz Demande net verlängert kritt. Den Interim gëtt zënter Enn Dezember vum Adjoint Luc Schmit assuréiert.
Den neien Direkter Jean-Paul Olinger huet als Haaptmissioun aus der Steierverwaltung eng modern, digitaliséiert an accessibel Administratioun ze maachen.