Besser medezinesch Versuergung am Osten a Loscht op Europa

© Domingos Oliveira
Mat 35 Joer ass d'Alexandra Schoos déi éischt Fra, déi fir d'ADR de Sprong an d'Chamber gepackt huet. Zanter 4 Méint ass si elo Deputéiert.
"Et war opreegend, et war eppes ganz Neies", esou beschreift d’Alexandra Schoos den éischten Dag an der Chamber.
Positiv wier gewiescht, dass si vun hire Parteikolleegen an och den aneren Deputéiert gutt opgeholl gouf. D’politesch Prioritéite leie fir déi geleiert Veterinärin aus dem Osten an der Landwirtschaft, dem Logement an der Gesondheetspolitik. Grad am Oste vum Land bräicht et eng besser medezinesch Versuergung, ob dat elo duerch Maison-médicallen oder Gruppepraxisse géif geschéien, wier do net esou wichteg. Haaptsaach et géif eppes änneren. Erstaunt war d’Alexandra Schoos, wéi si d’Wuert Veterinärmedezin am Koalitiounsaccord gesicht an net fonnt huet.

ADR-Fraktioun virun der Chamber. / © RTL
"Mir musse virukommen"
No 100 Deeg am Amt wier et schwéier, d’Aarbecht vun der CSV-DP-Regierung schonn ze bewäerten.
"Ech hunn d'Gefill, si wëlle vill maachen, si schaffe mol vill op. Et muss een oppassen, net nëmme beim Heescheverbuet, dass net 'im Eifer des Gefechts' vill Saachen en place gesat, an iwwert de Knéi gebrach ginn, ouni vläicht eng Kéier méi am Detail driwwer nozedenken. Mä ech fannen et am Prinzip gutt emol en Aktionismus, well mir musse virukommen."
Op d'Heescheverbuet ugeschwat, sot si. Wann et esou net géif klappen, kéint een et nach ëmmer zréckzéien oder anescht maachen.
Eppes, wat déi jonk Parlamentarierin an den éischte Woche geleiert huet, wier, dass een oppasse misst, wéi ee wat formuléiert. Si verweist op déi rezent Aussoe vun der Simone Beissel an der Astrid Lulling iwwer d’Heescherten an der Stad:
"Ech mengen, do war keng schlecht Intentioun iergendwéi dohannert, mä well se de falsche Vocabulaire benotzt hunn deelweis, si se dann ugeprangert ginn."
D’Fra vu 35 Joer fënnt, dass jidderee seng Meenung soll kënne soen. Dat awer am néidege Respekt an och fir eng Diskussioun konstruktiv virunzebréngen.

Um Walowend den 8.Oktober. D'Alexandra Schoos als éischt Fra fir d'ADR an der Chamber. / © Domingos Oliveira
D’Zil vum ADR ass ee Sëtz am Europaparlament
2014 Member vum ADR ze ginn, war e bewosste Choix, genee esou wéi am Oktober 2023 mat an d’Walen ze goen. D'Partei huet si scho gutt kannt, hire Papp war ënnert anerem e puer Joer President.
Mat den Europawale stinn déi nächst scho virun der Dier. D'Alexandra Schoos huet bei der Partei eng Kandidatur gestallt. Ob si elo eng vun de 6 KandidatInnen op der Lëscht ass, weess si nach net.
"Wann een op nationalem Niveau Politik mécht, kënnt een net laanscht Europapolitik."
Wann et der ADR géif geléngen e Sëtz am Europaparlament ze kréien, wier dat déi éischte Kéier zanter d’Partei gegrënnt gouf. Fir d’Alexandra Schoos ass d’ADR déi eenzeg Partei zu Lëtzebuerg, déi nach fir d’Souveränitéit vun den eenzele Staaten an Europa wier, ouni géint d’Europäesch Union oder Europa ze sinn.

© Domingos Oliveira
Rietsruck an Europa an zu Lëtzebuerg?
Mam Wuert 'Rietsruck' kann d’Alexandra Schoos net vill ufänken. Et kéint een och net vun engem extreme Rietsruck an Europa schwätzen:
"Et si jo net d'Politiker, déi dat decidéieren. Mä wann et ee gëtt, dann ass et d'Vollek, an da muss ee kucken, dass een net an en Extreem, weder lénks nach riets, fält."
Et misst ee sech dann och d’Froe stellen: "Wat ass virdru falsch gelaf? Wisou ass et zu enger Verännerung komm?"
Et wier um Enn d’Mëschung, déi et géif maachen: "An der Chamber komme vill verschidden Iddien eran, dass konstruktiv zesummegeschafft an déi bescht Iddie fir Europa oder fir e Land fonnt ginn."
Op d'Fro ob si méi libereal a manner konservativ wier wéi hir ADR-Deputéierte-Kollegen sot si, dass et bannent der ADR verschiddene Membere géif ginn. Déi eng wiere méi konservativ, anerer méi liberal. Villes géif och mat den Themen zesummenhänken. D’Thema Sprooch wier zum Beispill méi konservativ konnotéiert: "Dat ass anescht, wéi wann ech Iech elo iwwert d'Déieren oder d’Gesondheetsversuergung am Oste schwätzen."
