Adaptéiert Gesetz iwwer d'Betreiungsstrukturen um Dënschdeg ugeholl

E Gesetz, dat d'Qualitéit vun de Servicer fir eeler Leit am Viséier huet an ënnert der leschter Regierung ugeholl gouf, soll elo punktuell adaptéiert ginn.
Dat gouf an der Chamber mat 57 Jo-Stëmmen an 3 Abstentioune vun de Pirate gestëmmt. Konkret geet et ëm d'Opdeelung vum Personalschlëssel. Nei ass, dass net d'Bettenunzuel gekuckt gëtt, mee wéi vill Betreiung d'Leit iwwerhaapt brauchen.
Residenten, déi also méi Fleeg brauchen, kréie méi Personal zur Verfügung gestallt. De Familljeminister Max Hahn sot, him géing keen Zacken aus der Kroun falen, well dat Gesetz elo géing nogebessert ginn.
"Mir hu besonnesch an den Altersheemer iwwer d'Zil erausgeschoss mat deem Text, wéi mer e gestëmmt hunn, well et muss ee wëssen, dass mer haut an den Alters - a Fleegeheemer manner Differenzen um Terrain feststellen. Dat well d'Leit, wa se dat wëllen, esou laang wéi méiglech och doheem kënne gutt versuergt ginn. An dat ass gutt esou, dat ënnerstëtze mir, déi viregt Regierung, déi haiteg Regierung an ech mengen souguer et kënnen ze soen, esou wéi mer alleguerten heibanne sëtzen, ënnerstëtze mer, dass d'Leit méi laang kënnen doheem bleiwen."
D'Leit kéime méi spéit a Betreiungsstrukturen a wieren dowéinst tendenziell méi fleegebedierfteg, esou nach de Minister. Do, wou d'Leit awer manner Fleeg brauchen, hätt een eben iwwert d'Zil erausgeschoss. D'Adaptatioun wier dowéinst noutwenneg.
De Piratendeputéierte Marc Goergen schwätzt awer bei den Ännerunge vun enger Verschlechterung.
"Dir hutt deemools virun der Wal, wéi dat bestëmmt gutt geklongen huet, gesot: Mir maachen de Schlëssel op 30 Better. Lo hallwéiert Der einfach mol, Dir gitt hin a sot: komm, maache lo mol nach 60 Better mam selwechte Personal, wa se an der Stuf 1 bis 5 sinn. Dat nennt een dann eng Verschlechterung. An engem Gesetz, wat Der einfach mol esou schnell iwwert de Knéi gebrach hutt virun der Summerpaus. Well elo hutt Der jo eng Datz kritt als Regierung dann, déi viregt Regierung. Ech kann där neier de Kapp net wäschen, well déi hat deemools déi selwecht Meenung eigentlech wéi mir elo. Also dass et ze schnell gaangen ass a se hunn och déi Positioun hei am Haus vertrueden."
D'Pirate reprochéieren deemno der viregter blo-rout-grénger Regierung, dass net mam Terrain geschwat gouf. Déi Kritik weist déi fréier Familljeministesch Corinne Cahen vehement vu sech a präziséiert, dass den Terrain elo eng Nobesserung gefuerdert huet, well dat néidegt Personal wéinst der Penurie einfach net ka fonnt ginn. An hirer Meenung no net, well dat viregt Gesetz schlecht gewiescht wier.
De Personalmanktem huet och den adr-Deputéierten Tom Weidig als Haapt-Problem gesinn. De Marc Baum vun Déi Lénk huet dann dem Marc Goergen vun de Pirate Recht ginn, dass dat viregt Gesetz virun de Walen ze séier gestëmmt gi wier. D'Penurie u Personal wier och net vum Himmel gefall, esou nach de Marc Baum, mee déi hätt ee misse virausgesinn.
An deem Sënn huet och d'LSAP-Deputéierte Claire Delcourt eng Motioun agereecht, an där eng Strategie gefuerdert gëtt, fir géint de Personalmanktem virzegoen. Doriwwer eraus waren eng Analys vum Personalschlëssel no 3 Joer, esou wéi Mesurë fir de Finanzement vun den Ännerunge Fuerderungen aus dëser Motioun. Dës gouf awer mat 35 Nee-Stëmmen ofgeleent.
D'Valoriséierung an d'Promotioun vun de Fleegeberuffer wier souwisou virgesinn, huet de Minister Max Hahn nach betount.
Dat ofgeännert Gesetz, fir d'Qualitéit vun de Servicer fir eeler Leit, trëtt integral den 1. Mäerz a Kraaft. D'Ännerungen, déi gestëmmt goufen, kënnen deementspriechend och mat Recht vum Gesetz zäitgläich applizéiert ginn.