De 26. Januar war e schwaarzen Dag fir d'Gemeng Jonglënster. D’Gemengenhaus ass bis op Weideres net ze benotzen.

D'Feier war am mëttelste Gebai ausgebrach an huet sech vun do aus ausgebreet. De Buergermeeschter Ben Ries gouf matten an der Nuecht aus dem Schlof gerappt. Hien huet RTL elo een exklusiven Abléck ginn.

36 Stonne laang huet sech d’Feier duerch d’Gebai gefriess. D’Archiven am ieweschten Deel si komplett zerstéiert ginn. Glécklecherweis haten dës awer kee gréisseren historeschen oder kulturelle Wäert. D'Archiven ënne vum Gebai hu "just" e Waasserschued.

Iwwer 60 Leit aus 14 verschiddene Gemenge waren am Asaz fir d’Feier ze läschen. Et ass nach net gewosst, wéi et zum Brand komm ass, allerdéngs kann ee Brandstëftung warscheinlech ausschléissen, esou de Buergermeeschter.

D’Gemeng soll genausou rëm opgebaut ginn, wéi se virdru war, mee dat wäert awer eréischt an e puer Joer de Fall sinn. Als éischt Iwwergangsléisung ginn d’Servicer vum État civil, der Recette, der Populatioun, dem Schoulservice an dem Taxeservice provisoresch an der aler Gemeng ugebueden. Am Ganzen 12 Mataarbechter schaffen elo hei.

Ufank Mee wäert d’Gemeng an e Bürosgebai um Lënster Bierg plënneren, bis d’Renovatiounen an 3-4 Joer fäerdeg sinn.