"Spëtzeverdénger brauchen net all Leeschtung gratis"
Fir de Gilles Roth war et deen éischte Budget als Finanzminister. En Exercice, deen net esou einfach gewiescht wier, esou den CSV-Politiker am Interview.
Et hätt een elo scho missen u verschiddene Stellschrauwen dréinen, well ee bei de Koalitiounsverhandlungen e gréissere Staatsdefizit virausgesot krut, och elo mat dësem Staatsbudget hätt een nach en Defizit fir 2024, deen awer ëm 1,6 Milliarden Euro méi geréng ass.
Bei de Fonctionnementskäschte spueren an eng besser Personalplanung
Dëst wier duerch e kollektiven Effort vun der ganzer Regierung méiglech gewiescht. Et hätt een um Niveau vun de Fonctionnementskäschte vum Staat Upassunge gemaach. De Gilles Roth:
"Mir hunn och gekuckt, dass mer um Niveau vun de Personalplanunge beim Staat dëst Joer an doriwwer eraus kucken, wéi kënne mer d'Leit méi effizient asetzen. Wou kënne mer kucken, ass d'Leit richteg agesat ginn? Sachant bien, dass een och eng Digitaliséierung huet an natierlech zielen och d'Investissementer, déi héich bleiwen, mee et muss een net iwwerall d'Ham an der Mëllech kachen."
De Finanzminister Roth sot am RTL-Interview, dass wann een op ville klenge Plazen e bësse spuert, dass um Enn och do eppes zesumme géif kommen, wat de Spuereffort ugeet.
Walverspriechen: "Méi Netto vum Brutto"
"Et sinn d'Sue vun der Allgemengheet, wou ech den Optrag hunn, am Interessi vu Lëtzebuerg ze verwalten", esou de Gilles Roth.
Fir den CSV-Minister hätt en och d'Walverspriechen agehalen, méi Netto vum Brutto. D'Steiertabell wier zum Deel un d'Inflatioun ugepasst ginn. Och bei der Steierklass 1A géif een d'Leit zousätzlech entlaaschten.
47 Prozent vum Budget fir Soziales
Eleng iwwert d'Zukunftskeess géifen 1,5 Milliarden Euro un d'Eltere fir d'Kanner ausbezuelt ginn, 1,1 Milliard eleng fir d'Kannergeld. All déi Saache géif déi aktuell Regierung net a Fro stellen.
Wa weider Sozialleeschtunge solle kommen, misst ee sech d'Fro stellen, ob een déi net méi sozial kéint gestalten.
"Spëtzeverdénger brauchen net all Leeschtung gratis, dat ass e Wiessel, deen ee bei neie Leeschtunge kéint an d'A faassen."
Op d'Kritik, ob een net ze vill géif op de Wuesstem setzen, sot de Gilles Roth, dass dës Regierung e Plang A hätt, deen ee géif duerchzéien.
Efforte goufen an dësem Budget scho gemaach, um Niveau vun de Militärdepensen.
RTL-Artikel: Budgetsprojet an der Chamber - D’Oppositioun freet sech, wéi d’Rechnung soll opgoen
RTL-Artikel: Budgetsprojet 2024: Trotz manner Budgetsdefizit mussen déi lafend Depensen erofgoen