EU-Parlament dreet Monica Semedo mat weiderer Sanktioun
© Marc Hocheid / RTL
D'Partei Fokus wollt e Méindegmoien am Fong nei Detailer zu de Reproche presentéieren, ma d'EU-Parlament pocht op d'Confidentialitéit vun der Prozedur.
D'Partei Fokus hat e Méindeg de Moien op eng Pressekonferenz invitéiert, fir Stellung zu den Harcèlementsvirwërf géint d'Monica Semedo ze huelen. Ma well d'EU-Parlament Enn d'lescht Woch mat enger weiderer Sanktioun géint d'EU-Deputéiert gedreet huet, wa si Detailer vun der confidentieller Prozedur public mécht, war wéineg bis näischt Neies gewuer ze ginn. De Spriecher vu Fokus, Frank Engel, huet dem EU-Parlament dowéinst Intransparenz reprochéiert.
"Et geet einfach net, datt een Deputéierten an där Prozedur hei wéinst iergendwelleche Saachen ugeklot gëtt, déi ausser him selwer ni ee gewuer gëtt. Da gëtt eng Instruktioun gemaach, déi ass geheim, mat Zeien, déi gegebenenfalls dee Bekloten nimools identifizéiert kritt, dat heescht en huet keng Anung wie wat iwwert e seet. Doraus entsteet een Dossier, deen Dossier lant beim Parlamentspresident, de Parlamentspresident hëlt eng Decisioun. Déi Decisioun, d'Annonce dervun, ass dat eenzegt ëffentlecht Element vun der Prozedur."
D'Fuesent ass zwar scho bal ee Mount eriwwer, ma virun der Pressekonferenz gouf sech awer nach kuerz verkleet. D'Monica Semedo hat sech eng Mask ugedoen, op där "Maulkuerf" stoung. Esou wollt si kritiséieren, datt hir verbuede géif ginn, sech transparent an der Ëffentlechkeet ze verdeedegen. Amplaz vun neien Detailer gouf et also nach eng Kéier den Historique vun de verschiddene Reprochen a Sanktiounen. No där éischter Sanktioun am Joer 2021 hat sech d'Monica Semedo ëffentlech entschëllegt, dat wier och eescht gemengt gewiescht. Mat der Strof wier si awer och deemools schonn net d'Accord gewiescht. Trotzdeem hätt si op ee Recours verzicht, well:
"Ech wollt mech eben op meng parlamentaresch Aarbecht konzentréieren. Mir hate grad Covid hannert eis, wat och ganz vill intensiv Zäiten am Parlament scho waren. Ech hat dee Prozess, wou ech mech och hu mussen drop konzentréieren. An ech wollt einfach lo weider no vir kucken. Ech wosst eben net, datt et zu enger zweeter Sanktioun komme géing. Déi Persoun war iwwregens iwwert deen éischte Fall informéiert."
Si hätt ganz séier no Hëllef gesicht an zum Beispill am Dezember 2019 een Anti-Harassment-Workshop absolvéiert. Och an hirer deemoleger Partei, der DP, hätten d'Parteipresidentin Corinne Cahen, de Premier Xavier Bettel an deen zweeten EU-Deputéierte Charel Goerens fréi Bescheed gewosst. Wat d'Reprochen am zweete Fall ugeet, sou huet d'Monica Semedo ënnerstrach, datt si sech no der éischter Sanktioun vun hire Mataarbechter net méi respektéiert gefillt hätt.
"Wann een ëmmer rëm nees versicht, mat Leit ze schwätzen, hinne wëllt nolauschteren, wou dann d'Problemer sinn. An et seet een, et ass wichteg ze antizipéieren an dräi sëtze virun engem a laachen een aus a maachen de Geck, datt een deen Terme antizipéiere benotzt, da verstitt der wann ech soe Manque u Respekt. Ech hat just wierklech nach ee Fragezeichen viru mer."
Wat hir Plainte um Europäesche Geriichtshaff géint déi zweete Sanktioun aus dem Joer 2023 ugeet, sou kéint et Enn Abrëll respektiv Ufank Mee zu ëffentleche Plädoyere kommen. Bleift zum Schluss nach eng Fro: Firwat seet een eng Pressekonferenz, op där een näischt Neies soen duerft, net per Communiqué mat deenen néidegen Erklärungen of? Hei gouf ugedeit, datt ee sech iwwert déi méiglech Reaktioun vun der Presse gesuergt huet.
D'Europadeputéiert Monica Semedo geet fir d'Partei den 9. Juni mat an d'Europawalen.