"Et soll ee méi nolauschtere wéi schwätzen"

© Luc Rollmann
D'Liz Braz gouf am Oktober als jéngsten Deputéiert direkt fir d'LSAP an d'Chamber gewielt. Wéi fält de Bilan no den éischte Méint aus?
Si gëtt ons Rendez-Vous zu Esch an der Librairie Diderich, no enger Chamberkommissioun, virun enger Obligatioun fir d’Escher Gemeng a spéider nach der Maniff fir de Weltfraendag an der Stad.
E strubbelvolle Kalenner an e permanente Spagat tëscht Esch an der Stad, sinn elo Alldag fir déi jonk Politikerin, déi aus dem Stand souwuel an den Escher Gemengerot, wéi och an d’Chamber gewielt gouf.
Surreal hat Si selwer hiert Resultat direkt no de Wale bezeechent, Medie nenne Si e Shooting Star, ass hir dat net och e bëssen onheemlech?
"Ech ka mir et ëmmer nach net esou richteg erkläre , ech hunn och laang gebraucht bis ech alles verdaut hunn," mee ewell wier Si sech awer vill méi der Dimensioun bewosst, wat et bedeit, an der Ëffentlechkeet ze stoen a wéi eng Resonanz dat huet, och wat ee seet: "Déi éischt Méint waren eng gutt, mee och eng haart Schoul."
"Ech weess, dass ech nach näischt weess"
Déi studéiert Juristin déi am Ausseministère geschafft an u sech eng diplomatesch Karriär am Viséier hat, huet eng grouss Liichtegkeet ze formuléieren an zéckt och net hir Meenung kloer ze soen, jonk eloquent a meenungsstaark, kann dat net arrogant wierken?
Si zéckt kuerz fir da ganz kloer ze maachen, dass Si sech guer net esou gesäit a scho guer net esou wëll gesi ginn: "Et ass mir wichteg ze weisen, dass ech weess, dass ech nach näischt weess, nach esou vill ze léieren hunn." Bei hirer Aarbecht géing Si sech um Sproch vun hirem Papp Felix orientéieren: "Et huet een 2 Oueren a just ee Mond an dat huet säi Grond, et soll ee méi nolauschtere wéi schwätzen."
Däerf ee jonk an onerfueren d’Regierung kritiséieren?
"Am Prinzip huet jiddereen d’Recht d’ Regierungsaarbecht ze kritizéieren," do gesäit d'Liz Braz kee Widdersproch mam "nach léiere mussen", wichteg wier et zu deene Beräicher Stellung ze huele, wou ee sech schonn ageschafft hätt.
Kloer kritiséieren deet Si, an dat ouni ze zécken, wat hir Angscht mécht, en allgemenge Rietsruck, deen och hei zu Lëtzebuerg ze spiere wier: "Well mir eng Regierung hunn, déi dat net méi schlëmm fënnt, wann de ganz rietsen Eck extremistesch Tendenzen ufänkt, ganz haart ze äusseren... et hat een eng Kéier gesot, wann een et net besser wéisst, géing ee mengen, dass d'ADR Deel vun eiser Regierung ass ."
An och an Europa misst ee géint dee Rietsdriff a fir méi Toleranz kämpfen.
EU Walen, eng Kandidatur déi der Glafwierdegkeet schuet?
Si ass voll ausgelaascht an hat och erkläert keng Etappen iwwersprangen ze wëllen. An elo ass Si awer Kandidatin fir d'Europawalen? Perséinlech gewanne kéint si net andeem si mat op d’Europalëscht geet, a wëll dat och just aus der zweeter Rei maachen, 100 % iwwerzeegt ass Si awer vun der Cause:
"D’EU kann net funktionéieren, wann ee rietse Stëmmen ze vill Pouvoir gëtt, ech gesinn do meng Responsabilitéit fir zu deem Debat bäizedroen a grad och déi Jonk z'iwwerzeegen, wéi wichteg des Wale sinn."
"Ech kann zu all Moment stopp soen"
Als Duechter vum Felix Braz huet Si d’ Politik vun all hire Säite kenne geléiert a nawell den Drock ënnerschat, wann ee sech an enger Partei engagéiert?
De System wier nun eemol esou zu Lëtzebuerg, et wier een un eng gewësse Partei-Loyalitéit gebonnen. Hir Studien als Juristin géingen hir awer d’Fräiheet ginn, zu all Moment stopp soen ze kënnen a keng Konzessioune géint hir Valeuren ze maachen: "Onofhängegkeet an der Politik ze behalen ass dat gesondst wat ee ka maachen, wann ee well eng Politik fir d’ Leit maachen!"

Woufir steet Liz Braz politesch ?
Sozial liberal, weder ze vill lenks nach ze vill liberal, wichteg ass hir d’Gläichgewiicht ze halen tëscht perséinlecher Fräiheet a kollektiver Responsabilitéit.
Eng Dosen Deputéiert si nach keng 40 Joer al, zwee dervun, d’Liz Braz an de Luc Emering, esouguer ënner 30, an dat wier eng ganz gutt Saach! Ze lescht hätt et esou e Verjéngungsprozess an den 8ojer Jore gi mat der Generatioun déi elo 55 plus wieren.
"De Problem ass just, dass genau déi och haut nach do setzen an dertëscht ass net méi vill Neies komm, an Zukunft missen d'Parteien ëmmer rëm eng nei Garde hannendrun opbauen a net mengen, mir hu genuch fir déi nächst 15-20 Joer."
"Eng déck Haut ass net ëmmer méiglech"
Tëscht all de Jonke wier och eng parteiiwwergräifend Solidaritéit ze spiere fir sech géigesäiteg ze hëllefen. Eng Generatioun déi mat soziale Medien opgewuess ass, wéi ëmgoe mat Haass a Cybermobbing?
Do hätt si nach net déi richteg Strategie fonnt tëscht ignoréieren an denoncéiere wann et ze wäit geet, de Problem wier d’Anonymat hannert deem een sech verstoppe kéint.
"Et kritt een ëmmer gesot, et brauch een eng deck Haut, mee dat ass net ëmmer méiglech an deen Debat iwwer anonym Commentairen an Haass am Netz, dee muss ee ganz allgemeng féieren, net just wann et ëm d'Politik geet."
