Ukrainesche Premier op AarbechtsvisittDenys Schmyhal begréisst Efforte vu Lëtzebuerg

Claudia Kollwelter
Jeannot Ries
Et wier eng grouss Éier an eng emotional an historesch Visitt – dat sot de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden en Dënschdeg de Mëtteg zu Senneng um Schlass.
Ukrainesche Premier: Denys Schmyhal begréisst Efforte vu Lëtzebuerg
Et wier eng grouss Éier an eng emotional an historesch Visitt – dat sot de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden en Dënschdeg de Mëtteg zu Senneng um Schlass.

Visitt ukrainesche Premier zu Lëtzebuerg / Reportage Claudia Kollwelter

Hei huet hien den ukrainesche Premier Denys Schmyhal empfaangen, deen op offizieller Aarbechtsvisitt am Grand-Duché ass.

Et géif ee weider op der Säit vun der Ukrain stoen, alles maachen, fir se ze ënnerstëtzen a si hätten déi ganz Ënnerstëtzung vun der Lëtzebuerger Regierung. De Luc Frieden huet ënnerstrach, datt Lëtzebuerg sech mat den anere Benelux-Länner der tschechescher Initiativ uschléisse géif, fir Munitioun fir d’Ukrain ze kafen. Mat wéi engem Montant Lëtzebuerg sech do engagéiert, wier nach net fixéiert, huet de Premier präziséiert.

Et wier eng signifikant Visitt, sot sengersäits den ukrainesche Premier. D’Ukrain géif souwuel déi politesch, humanitär an och finanziell Efforte vu Lëtzebuerg begréissen. Trotzdeem ass et den Appell vun ukrainescher Säit, den Aggresseur Russland weider iwwer Sanktiounen ze isoléieren a Moskau d’Mëttel ewechzehuelen, mat deenen de Krich an der Ukrain finanzéiert gëtt. Virleefegen Donnéeën no stinn iwwer 6 Milliarden Euro russesch Fongen op Konten hei zu Lëtzebuerg. Eis Positioun ass déi, dass dat Geld der Ukrain soll zur Verfügung gestallt ginn. Dat wier fair, gerecht a responsabel vis-à-vis den Dausenden Affer vun der russescher Aggressioun an dem russeschen Terrorismus. Et géing eis hëllefen, de Krich z’iwwerliewen a weider den Neesopbau ze finanzéieren.

Den ukrainesche Premier huet iwwerdeems en Dënschdeg de Mëtteg zesumme mam Lëtzebuerger Aussen- a Kooperatiounsminister en technesche Kooperatiouns- a Finanz-Accord ënnerschriwwen. LuxDevelopment wäert nämlech an den nächste Méint an der Ukrain aktiv ginn an d’Statute vu de Leit, déi an deem Kader wäerte schaffen, gi mat dësem Accord garantéiert. De Xavier Bettel erkläert, wat vu Projeten ugeduecht ass:

“Fir d’Educatioun, mee och zum Beispill fir den Zaldoten, déi zréck vun der Front kommen, ze hëllefen Aarbechtsplazen ze fannen.”

Den ukrainesche Premier Denys Schmyhal gouf en Dënschdeg dann och nach am Palais vum Grand-Duc Henri an Audienz empfaangen an hat Gespréicher mam Chamberpresident Claude Wiseler an der Presidentin vun der Europäescher Investitiounsbank.

Back to Top
CIM LOGO