Kritik um Adapto-Service war nees Sujet an der Chamber
"Den Adapto ass keng Extrawurscht" - dat soten d'Auteure vun der Petitioun 2749 en Donneschdeg de Moien an der Chamber.
Scho fir d'zweete Kéier gouf um Krautmaart eng Petitioun diskutéiert, déi op Dysfonctionnementer beim Busservice fir Leit mat Behënnerung opmierksam gemaach huet. Et wier een och léiwer net nach eng Kéier erëmkomm, esou d'Petitionären, ma d'Problemer wieren nach ëmmer quasi identesch wéi viru véier Joer.
Et kéim ëmmer nees zu Retarden, d'Chauffere wieren net genuch forméiert, blann Leit géingen zum Deel net Bescheed gesot kréien, wann de Bus do wier.
"Heiansdo kënnt et vir, datt een d'Informatioune kritt, ob den Adapto do ass, heiansdo net. D'Chauffere ginn of net richteg forméiert, fir mat sehbehënnerte Leit ëmzegoen", seet de Patrick Hurst, President vun der Associatioun "Nëmme mat eis".
Et goufe Beispiller genannt vun engem Mann, deen duerch de Bus geflunn ass, well säi Rollstull net richteg ugestréckt war, oder nach vun enger Fra, déi hir Aarbecht verluer huet, well se reegelméisseg ze spéit war, well se mat hirem Kand op den Adapto gewaart huet.
"Mir hu Jonker, ëmmer méi, déi einfach u kengen Aktivitéite wëlle méi deelhuelen,well se esou enttäuscht sinn iwwer dee ganze System, well se eeben ëmmer ze spéit kommen. Do ass eng Mamm, déi ass elo entlooss ginn, well se ëmmer ze spéit op d'Aarbecht komm ass. Net, well si den Adapto geholl huet, mee well se misst ëmmer op den Adapto waarden, moies fir hiert Kand", erkläert d'Martine Kirsch, Presidentin vun der Associatioun "Zesumme fir Inklusioun".
"Den 10. Mäerz gouf eng Persoun op der falscher Plaz erausgelooss, an zwar op der Kavalkad zu Réimech, a mir hunn eng Stonn mat der Police no hir gesicht. Mir schwätze vu Mënsche mat engem geeschtegen Handicap", seet Martine Eischen, Presidentin vun der Asbl "Trisomie21".
"Esou ass et viru kuerzer Zäit passéiert, dass e Mann, dee schwéier behënnert ass - Tétraplegie huet de Mann - mat sengem Rollstull bei enger Bremsung duerch de Bus geflunn ass, well hien net fachmännesch festgestréckt war. Materialschued an eng Verletzung waren d'Resultat", erzielt de Marcel Laschette, Generalsekretär vum Konsumenteschutz
Mat alle Beispiller, déi deene verschiddenen Associatiounen zougedroe ginn a vun deenen der hei just e puer genannt ginn, kéint een net méi vun Eenzelfäll schwätzen, sot d'Petitionärin Ana Pinto. Et wier e chroneschen a systematesche Problem, sou och de Joël Delvaux, Zentralsekretär vum Departement Travailleurs handicapés beim OGBL.
"Dofir hu mir och ganz kloer d'Fuerderung, mir wëllen, datt en Audit extern gemaach gëtt, fir datt ee wierklech eng Kéier kann de Fanger op d'Wonn drécken, also definéieren, wou de Problem genau läit, u wat et läit."
Chamber beschäftegt sech mat Léisungsvirschléi










D'Chamber géing sech mat deene verschiddene Problemer a Léisungsvirschléi beschäftegen, sou d'Presidentin vun der Petitiounskommissioun Francine Closener.
"D'Mobilitéitskommissioun a villäicht och d'Kommissioun vun der Famill, wäerte sech lo mat deen eenzele Revendicatiounen an och de Proposen, de ganz konkreete Proposen, vun de Petitionären auserneesetzen an deemno wéi se dann och nach eng Kéier héieren."
D'DP-Mobilitéitsministesch Yuriko Backes sot, d'Verbesserung vum Service wier eng Prioritéit fir d'Regierung.
"Ech si frou, entre guillemets, dass dës Petitioun elo net virun de Walen traitéiert ginn ass, mee duerno, sou sinn ech och domat direkt saiséiert."
Si hätt schonn eng Enquête bei de Benotzer vum Adapto an Optrag ginn. Och d'Formatioun vun de Chauffere soll verbessert ginn an et géif een iwwert e Begleetsystem nodenken. D'Mobilitéitsministesch huet awer och ënnerstrach, datt den ëffentlechen Transport an och den Adapto gratis wieren, datt d'Zuel vu Benotzer vum Adapto sech an de leschte véier Joer verduebelt hätt an och Käschte mat sech géing bréngen.
"2023 a menger fréierer Capacitéit dann als Finanzministesch kann ech mech dorun erënneren, schwätze mer hei vun engem Budget vun 18 Milliounen. Mir missten eis och bewosst sinn, wa mer deen heite Service och weesentlech wëllen a misse verbesseren, dass dat eis och wäert eppes kaschten an dat hunn ech och schonn an der Regierung ugeschwat."
Käschte si keng Excuse
De Joël Delvaux wollt déi Aussoen awer net ganz sou stoe loossen. Och Leit mat Behënnerung géinge Steiere bezuelen, duerch déi den ëffentlechen Transport finanzéiert gëtt, a wa Persoune mat Behënnerung kéinten um ëffentleche Liewen deelhuelen, géinge se och Suen ausginn an zu enger wirtschaftlecher Aktivitéit bäidroen.
"Ech muss soen, ech hunn e bëssen d'Flemm, wann ech ëmmer héieren, wat mir aarm Behënnerten och der Gesellschaft esou vill kaschten. Jo, natierlech kaschte mer, wéi all aner Bierger och, fir deen d'Schoule musse gebaut ginn, d'Stroosse musse gebaut ginn, alles muss gebaut ginn, fir datt mer als Gesellschaft kënne fonctionéieren, awer doduerch, datt dat alles gebaut gëtt an investéiert gëtt, kënnt jo e Retour, an dat ass bei eis Behënnerten och. An deementspriechend ëmmer dat esou op dee Käschtepunkt ze setzen, fir quasi ze soen, 'dir misst eigentlech dankbar sinn' - naja."
Et wier een och Bereet, säin Know-How als Betraffen zur Verfügung stellen, sou de Joël Delvaux. An dat och fir näischt, also gratis, huet hie mat engem klenge Laachen dobäi gesot.
Et soll dann iwwerdeems en Audit vum Mobibusservice gemaach ginn, dee fir den Transport vu Persoune mat Behënnerung an d'Schoul an an Ateliers protégés zoustänneg ass, dat hat d'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes nach an der Kommissioun annoncéiert.