Ze deier, ze riskant, ze vill ofhängeg an dobäi ëmmer de Risk vun engem atomaren Accident an de Probleem vun den nuklearen Offäll.

Dëst sinn am Resumé d'Argumenter, déi d'fréier gréng Ministere Bausch a Welfring an engem oppene Bréif un de Premier Frieden opzielen.

Natierlech geet et ëm d'Zukunft vun der Atomenergie, wou d'gréng Politiker de Premier warnen an d'Fal vun de Lobbyiste vun der Atomindustrie ze falen.

Och d'RTL-Invitée vum Dag, d'Joëlle Welfring hat e Méindeg de Moien op eiser Antenne gesot, datt op Atomreaktere kee Verlooss wier.

Et wier schued aus "ideologesche Grënn" un där Technologie festzehalen, well déi enorm ëffentlech Moyenen da feele géingen, fir an aner Technologien z’investéieren, sou d'Joëlle Welfring.