Op Atomreakteren ass kee Verlooss, op Uranexportateuren och net
En Méindeg de Moie war de Logement Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Op Atomreaktere ass kee Verlooss, genee ewéi déi Länner ewéi Russland aus deenen ee muss Uran importéieren. An Atomreakterë bauen dauert laang a se sinn net rentabel. Dat alles sot déi gréng Deputéiert Joëlle Welfring e Méindeg de Moien hei op RTL. Hir Partei ass wéinst besuergt iwwert d’Aussoen vum Premier Luc Frieden d’lescht Woch, datt déi nei Regierung Fuerschung an der Atomenergie wéilt ënnerstëtzen.
Et wier schued aus «ideologesche Grënn» un där Technologie festzehalen, well déi enorm ëffentlech Moyenen da feele géinge fir an aner Technologien z’investéieren. D’Joëlle Welfring huet als Beispill d’Energie, déi een aus Wellen am Mier ka schëpfe genannt – eng Technologie déi nach guer net «vernünfteg» géing exploitéiert ginn. Et géing vill aner sécher Energiequelle ginn, an déi ee misst investéieren a virun allem bräicht ee Späicherméiglechkeeten.
Laang Prozeduren: laang virun der grénger Regierungsbedeelegung
Haaptsujet am Interview e Méindeg de Moie war – genee ewéi e Samscheg hei am Background hei op RTL - de Logementsdësch. D’Demarche fir d’Prozeduren am Bau wëllen ze vereinfachen, méi séier oder méi koherent ze maachen, déi wier "ganz gutt", esou d’Joëlle Welfring. D’fréier Ëmweltministesch, déi elo an der Oppositioun ass, sot awer am selwechten Otemzuch, datt déi lescht Regierung scho Villes an d’Weeër geleet hätt. Zum Beispill de Gesetzprojet, fir Prozedure méi séier ze maachen, wa Projeten dem Logement oder der Infrastruktur déngen. Oder nach de Reformprojet vum Commodo-Gesetz, mat deem sämtlech Prozeduren an all de Verwaltungen digitaliséiert solle ginn, an ee Guichet Unique dofir geschaaft soll ginn, wou een och ëmmer kéint kucken, wou den Dossier drun ass.
Donieft huet d’Joëlle Welfring op d’Reform vum Naturschutzgesetz higewisen - déi scho gestëmmt gouf - mat där eng Rei Autorisatiounen ofgebaut goufen. Si huet och betount, datt dat Gesetz iwweregens hiren Ursprong an Direktiven aus de 70er a 90er Joren huet, laang also virun der éischter grénger Regierungsbedeelegung 2013.
Den "A an O" ass: "Gutt plangen"
D’Joëlle Welfring huet dann och festgestallt, datt d’Ëmweltprozeduren an der Emissioun e Samschdeg, wou 4 Membere vun den Aarbechtsgruppe vum Logementsdësch dobäi waren, iwwerhaapt just "e Rand-Thema" gewiescht wieren. Hir kënnt et esou vir, ewéi wa ganz aner Prozeduren an Normen Thema wieren, ewéi d’Sécherheetsnormen, d’Accessibilitéit, e "Wirrwarr" vu Gemengeprozeduren oder nach lokale Widderstand géint Projeten.
En Ofbau vu Prozeduren oder déi geplangte Mesure vum "silence vaut accord", dierf der grénger Deputéiert no awer net laanscht d’Bedeelegung vun de Bierger lafen. Déi nei Regiegung an de Logementsdësch wëlle jo, datt wa bannent engem gewëssenen Delai eng Verwaltung net op eng Demande geäntwert huet, d’Demande als autoriséiert gëllt. Den "A and den O", fir datt Projete keng Zäit verléieren, dat wier fir d’Joëlle Welfring "eng gutt Planung" am Virfeld: datt Problemer fréi erkannt ginn, och vu Säite vun de Verwaltungen, déi scho wann en Terrain erschloss gëtt, alles kéinten iwwerpréiwen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.