"D'Politik réckelt vun der lénker Säit méi an d'Mëtt"

© RTL
Mat 27 Joer ass de Luc Emering dee jéngste männleche Chamberdeputéierten. No knapp engem hallwe Joer huet hie sech am Parlament agelieft.
Den DP-Mann ass geléierten Agraringenieur, war vun 2020 bis 2023 President vun de Jongbaueren, gehéiert zanter 2017 dem Dippecher Gemengerot un, zanter leschtem Joer als Schäffen, a gouf am Oktober fir d'éischt an d'Parlament gewielt. An deene leschte siwe Joer ass vill geschitt am Liewe vum Sprénkenger Biobauer, dee sech op Poulete spezialiséiert huet an op sengem Haff ee klenge Buttek bedreift. Ma et schéngt awer, wéi wann hie kee Problem domadder huet, sech relativ séier un nei Situatiounen unzepassen.

An der Chamber besetzt hie virun allem d'Dossiere Landwirtschaft an Ëmweltschutz. Ma och Innepolitik am Allgemengen, Bauten- a Mobilitéitspolitik interesséieren hien. Wat d'Aarbecht an de Chamberkommissiounen ugeet, sou wier dës zimmlech onpolitesch an et géing ëm d'Saach selwer goen. Et wier spannend ze gesinn, ob sech dat duerch d'Diffusioun vu verschiddene Kommissiounssëtzungen am Internet ännere wäert.
Landwirtschaft als global Erausfuerderung gesinn
Wat d'Landwirtschaft betrëfft, géing de Luc Emering sech wënschen, datt d'Agrarpolitik an engem globalem Ëmfeld gesi géif ginn.
"Wa mer muer keen neie Schwéngsstall méi hei am Land bauen, ginn net manner Kotlette giess, mee d'Kotlette kommen da just vun iergendwou anescht", esou eng Ausso mat Bléck op déi senger Meenung no ze streng Ëmweltoplagen hei am Land. Dat géing awer just derzou féieren, datt Produiten op de Lëtzebuerger Marché kommen, déi ënnert vill méi niddrege Standarden hiergestallt goufen. Et misst een engersäits d'Virgaben zu Lëtzebuerg lackeren an anerersäits dorop awierken, datt se ausserhalb vun der EU méi streng ginn.

Ëmweltschutz wier wichteg, mee e misst sënnvoll sinn, zum Beispill wäit "Fruchtfolgen" an den Ubau vu Monokulturen, ma dat géingen d'Baueren zu Lëtzebuerg souwisou scho maachen. Et kéint awer net sinn, datt beim Bauen an der Gréngzon dono gekuckt gëtt, wou eng Fënster hikommen duerf a wou net.
Problemer goufe jorelaang net ugepak
"Ech fannen et immens bedauerlech, datt een haut direkt als riets agestuuft gëtt, wann een iergendee Problem kritiséiert oder probéiert eng Léisung ze fannen."
Dat ass d'Äntwert vum Luc Emering, ugeschwat op d'Kritik vun Deeler vun der Oppositioun, d'CSV-DP-Regierung wier riets. Mat Bléck op Theme wéi Sécherheet, Drogekriminalitéit, Salubritéit oder illegal Awanderung hätten d'Bierger der Politik jorelaang Reprochë gemaach, datt ee wiele géing goen a sech awer näischt ännere géing. Elo géinge Leit wéi den Inneminister Léon Gloden kucken, fir existent Problemer ze léisen an dofir sollt een hien net kritiséieren. Virun allem, well verschidde Parteien, déi elo an der Oppositioun sinn, virdrun 20 Joer Zäit gehat hätten, eben déi Problemer unzepaken.
"Ech denken, datt d'Politik elo vun der lénker Säit méi an d'Mëtt réckelt, mee mir si ganz wäit vu riets ewech."
Hie géing awer net ofstreiden, datt d'Kommunikatioun ronderëm d'Heescheverbuet net ëmmer ganz glécklech gewiescht wier. D'Aussoe vu senger Parteikolleegin Simone Beissel missten net sinn, mee si hätt sech och dofir entschëllegt. Wann de Léon Gloden soe géing, hien hätt Limousine gesinn, déi Leit erausloossen, géing hien him dat gleewen, och wann et u konkrete Beweiser feele géing. Et kéint een och driwwer diskutéieren, ob all Kommissariat aus dem Land Personal zur Verfügung stelle muss a wéi dat organiséiert gëtt. Mee et géing een elo op Problemer reagéieren, déi sech an de Jore virdrun opgebaut hätten. D'Oppositioun sollt ophalen, alles ze zerrappen, mee konkret Léisunge virschloen.
Manner schaffen a méi verdéngen ass keng Optioun
Seng Partei, d'DP, wier iwwerdeems keng Kopie vun der CSV, mee am Koalitiounsaccord, deen ëmmer ee Kompromëss wier, géinge sech och vill Iddien aus dem Walprogramm vun de Liberalen erëmfannen.
Wat d'Aarbechtspolitik ugeet, ass de Luc Emering frou doriwwer, datt d'Diskussioun iwwert d'Aarbechtszäitverkierzung, déi nach am Chamberwalkampf gefouert gouf, mëttlerweil quasi aus der Ëffentlechkeet verschwonnen ass. Et stéing ee virun enger grousser Kris am Handwierk an et géing u Leit feelen. Do wier et sécherlech net déi richteg Léisung, datt d'Leit manner schaffen a méi verdéngen. Fir Aarbechtsplazen ofzesécheren, respektiv neier ze schafen, bräicht et staark Betriber an een innovative Wirtschaftsstanduert.

Mat Bléck op d'Situatioun um Logementsmarché seet den neien Deputéierten, datt déi extrem problematesch wier. Jonk Koppelen, déi zu zwee schaffe ginn, kéinte sech geschwë kee Prêt méi leeschten, fir sech eng Immobilie ze kafen. Virun deem Hannergrond misst sech jidderee selwer d'Fro stellen, ob e sech wierklech massiv verschëlde wëllt, fir Proprietär ze ginn, oder net awer léiwer loune sollt. Fir d'Locatioun méi attraktiv ze maachen, sollt de Staat Projete kafen an dono zu engem abordabele Präis u Jonker a sozial schwaach Leit verlount. Een Daach iwwert dem Kapp wier nämlech ee fundamentaalt Recht.
Den Auto net verdäiwelen
An der Mobilitéit dierft een déi verschidden Transportmëttel net géinteneen ausspillen. Wann een an d'Stad komme wëllt, sollt een am Nodeel sinn, wann ee mam Auto kënnt. Hei sollt mat Opfangparkingen un de Grenze vun der Stad awer och generell vum Land geschafft ginn. Et dierft een den Auto awer och net verdäiwelen. Grad am ländleche Raum wier deen dacks méi nohalteg wéi den ëffentlechen Transport. Och wann all nei Strooss zousätzlechen Trafic an Industrien unzéie géing, wieren op verschiddene Plaze Contournementen néideg. Do wier et allerdéngs net normal, datt et zu Lëtzebuerg 15 bis 20 Joer dauert, fir eng Strooss ze plangen.
Och hei misst ee sënnvollen Ëmweltschutz bedriwwe ginn. Engersäits misste schützenswäert Habitater erhale bleiwen, anerersäits dierften Infrastrukturen, déi fir d'Allgemengheet wichteg sinn, net duerch onduerchsiichteg Oplagen onméiglech gemaach ginn.