Maximal 5.800 Euro de Metercarré fir de Bau, 1.800 fir den Terrain

© RTL Grafik
Deieren Terrain, deier Baukäschten an deiere Logement tout court. Dat stoung am Mëttelpunkt vun enger Sitzung vun der Chamber Logementskommissioun.
De Minister Claude Meisch huet hei den Deputéierten ënnert anerem Informatiounen iwwert de staatleche Kaf vu Wunnprojeten um Privatmarché ginn. An hei spillt de Präis natierlech déi wichtegst Roll. D'Regierung huet eng Enveloppe vu 480 Milliounen Euro fir de Kaf vu private Projeten decidéiert. De Claude Meisch huet betount: Op kee Fall soll engem, dee sech verspekuléiert huet, gehollef ginn.
Dowéinst goufe maximal Präisser festgeluecht, fir déi d'Regierung bereet ass, Wunnprojete vu Privaten opzekafen. Fir d'Konstruktioun sinn et 5.800 Euro de Metercarré. Fir den Terrain 1.800 Euro de Metercarré (dh fir d'Netto-Wunnfläch). D'Stad Lëtzebuerg, déi huet jo och e puer Projeten opkaaft. Fir d'Konstruktioun huet d'Stad sech alignéiert op de Staat, also maximal 5.800 Euro. Beim Terrain ass d'Stad awer op maximal 4.000 Euro gaangen. Jidderee war sech an der Kommissioun eens, datt den Terrain ebe jee no Regioun en anere Wäert huet a besonnesch an der Stad deier ass.
Misst een dann net Fall fir Fall de Präis vun der leschter Acquisitioun beim Enregistrement nofroen? Op déi Fro huet de Claude Meisch geäntwert, et misst ee schonn e Bilan zéien an evaluéieren. Dat wier och zum Beispill mat Entwéckler vu private Projete gemaach ginn. "Jo, ech denken, datt een eng Kéier muss doriwwer nodenken, wat de Wäert vum Terrain ass a wéi mir deen applizéieren, am Fall, wou mir dann an Negociatioune sinn, fir privat Immobiliëprojeten opzekafen". Hien huet awer betount, datt dat "iergendzwousch" misst "plafonéiert" sinn.
D'LSAP-Deputéiert Paulette Lenert war der Meenung, datt de Staat och beim Cahier des charges sech soll méi Flexibilitéit ginn. Am Cahier des charges sinn ënnert anerem bautechnesch Krittäre festgehalen (Gréisst vu Wunnengen oder Parkplazen zum Beispill), déi eng Wunneng muss erfëllen, fir als "abordabel" ze gëllen a vum Staat kënnen opkaaft ze ginn. Si war zefridden, datt déi Suggestioun net op "daf Ouere" gestouss wier.
De Gréngen Deputéierte François Bausch war der Meenung, datt d'Kris am Bau lues a lues géing op en Enn steieren. Dowéinst misst de Staat elo selwer nees méi bauen, op sengen Terrainen och, amplaz privat Projeten opzekafen. De Claude Meisch huet geäntwert, datt den Telefon souwisou manner wäert schellen, wann de Marché nees "boomt". De François Bausch fäert, datt wann et nees "boomt", d'Präisser nees no uewen explodéieren an de Staat dowéinst méi misst bauen.
D'héich Beamtin Diane Dupont huet de Point gemaach iwwer de staatleche Kaf vu Vefas (Vente en l'état de futur achèvement). Si huet vun 11 Projete geschwat fir bis elo ronn 218 Milliounen Euro. Fir ee Projet zu Déifferdeng gouf den Akt schonn ënnerschriwwen: 61 Wunnenge fir 33 Milliounen Euro. 4 Projete wieren an der Preparatioun oder Finalisatioun: 125 Wunnenge fir 55 Milliounen Euro. Bei 6 Projete wier een nach an Diskussiounen: 186 Wunnenge fir 114 Milliounen Euro. Wéinst Confidentialitéitsklausele kéint een nach net méi soen. D'Deputéiert, virop de Pirat Marc Goergen, wëllen trotzdeem eng Lëscht a méi Informatiounen.