"Mir kruten e klore Message vun de Leit"

De Meris Sehovic huet aus dem Stand de Sprong an d'Chamber gepackt. Seng Partei, Déi Gréng, hunn 2023 bei den zwou Wale schlecht ofgeschnidden.
An dat wier och de Grond gewiescht, wisou hie perséinlech säi Walresultat net konnt direkt feieren. Déi Gréng sinn nëmmen nach zu 4 an der Chamber, si hu keng Fraktiounsstäerkt méi, wat d'Aarbecht méi schwiereg géif maachen. Et huet een net nëmme manner Deputéiert, mee och manner Mataarbechter.
Schwieregt Joer fir Déi Gréng
De Meris Sehovic hëlt et awer sportlech: "Dat ass eben d'Demokratie. Mir kruten e klore Message vun de Leit."
Parteiintern hätt een eng Analys gemaach. Elo wéilt ee mat enger konstruktiver Oppositiounspolitik nees beim Wieler punkten.
"An der Politik brauch et Leit, déi bereet sinn, Responsabilitéit z'iwwerhuelen, an déi bereet sinn, och iwwert den Tellerrand vun der Alldagspolitik ewechzekucken, a Visiounen z'entwéckele fir seng Leit."
Den eegenen Erfolleg wier dem Escher méi spéit bewosst ginn. Hien huet bei de Gemengewalen de Sprong an de Schäfferot gepackt an e puer Méint méi spéit bei de Chamberwalen aus dem Stand e Mandat kritt: "Perséinlech fir mech war dat schonn e spannend Joer. Ech sinn 1992 mat mengen Elteren aus Jugoslawien heihinner geflücht. Mir sinn hei zu Esch ukomm an hunn am Ufank an engem Cafészëmmer gelieft. A fir an enger Generatioun kënnen dee Switch ze maachen, vum Flüchtling deen hei ukënnt, hin zum Deputéierten, weist, dass Lëtzebuerg, an och d'Stad Esch, Plaze vun der Opportunitéit sinn."
Kritik no de Gemengewalen an och un Déi Gréng
Bei de Gemengewalen zu Esch hat d'LSAP knapp déi meeschte Stëmme kritt. Déi al Koalitioun huet awer relativ séier um Walowend kloer gemaach, dass ee wéilt virufueren. Ënnert anerem Déi Gréng an de Meris Sehovic stoungen an der Kritik, well si e Sëtz verluer hunn an trotzdeem wollten an de Schäfferot, esou de Reproche vun der LSAP deemools.

Fir de Meris Sehovic wier Kritik am politeschen Debat eppes Normales, soulaang se konstruktiv wier.
"Egal wat engem seng politesch Identitéit ass an egal wat d'politesch Iwwerzeegunge sinn, de Respekt virum Mënsch muss am Mëttelpunkt stoen an duerf ni vergiess ginn. Et brauch en Echange vu gudden Iddien, awer net 'ënnert der Gürtellinn', net mat perséinlechen Attacken."
Kritik un der Partei féiert de Politiker drop zeréck, dass Déi Gréng, grad an der Zäit, wéi se an der Regierung waren, och onbequeem Decisioune geholl hätten. Aktuell hätt ee mat verschiddene Krisen ze dinn: D'Klimakris, d'Logementskris an déi vun der Energieversuergung.
"An dass dat polariséiert, ass normal a läit an der Natur vun der Saach."
Regierung vum Luc Frieden géif vill Projete vun der aler Regierung viruféieren
Déi éischt Méint an der Chamber wiere spannend a ganz interessant gewiescht. Dës Woch waren d'Budgetsdiskussiounen, wou de Grondstee fir d'politesch Decisioune vun den nächste Méint geluecht ginn ass.
"Als Oppositioun ass eis iewescht Funktioun de Contrôle vun der Regierung. An do gëtt et vill ze maachen. An dat ass eng ganz éierbar Aufgab, déi mer och zu véier ganz gäre maachen."
Der aktueller Regierung misst een nach e bëssen Zäit ginn, se wier nach net esou laang am Amt. Wat een de Moment géif gesinn, wier dass a ganz ville Beräicher an der Kontinuitéit géif geschafft ginn:
"Do gëtt déi Aarbecht weidergefouert, déi mir Gréng och an der Regierung schonn ugestouss hunn. Dat ass natierlech positiv. Et stellt ee sech zwar d'Fro: 'Wéi geet dat zesummen?' Well se awer déi lescht zéng Joer alles kritiséiert hunn, wat mer gemaach hunn an elo genau déi dote Saache weiderféieren."
Datt déi éischt Decisioun vun der Regierung e "symbolescht Heescheverbuet" an der Stad Lëtzebuerg war, kann de Schäffe vun Esch net verstoen. Dës Decisioun wier op d'Käschte vun de vulnerabelste Leit an eiser Gesellschaft gaangen.
Méi spannend géifen d'Budgetsdiskussioune fir dee vum Joer 2025 ginn: Do misst de Luc Frieden Faarf bekennen an d'Regierung nei politesch Akzenter setzen.
Verschidde politesch Mandater ënnert een Hutt kréien
Fir de Poste vum Schäffe vun der Gemeng Esch an deem vum Deputéierten an der Chamber ënnert een Hutt ze kréien, wier kee Problem:
"Et ass vill Aarbecht. Mee dat flott un der Politik ass, dass ee Saache kann ëmsetzen. An ech hunn hei zu Esch ganz flott a wichteg Ressorten. An ech hunn d'Chance eigentlech, dass ech an der Chamber méi oder manner déi selwecht Ressorte ka couvréieren, sou dass eigentlech meng Chamberaarbecht ganz gutt kompatibel ass, mat deem wat ech zu Esch maachen."
Eng Kandidatur bei den Europawalen hat de Meris Sehovic net an d'A gefaasst, och, wann en ënnert dem Claude Turmes e puer Joer am Europaparlament geschafft huet.
D'Engagement fir Europa kéint een och aus der Nationalpolitik eraus maachen.